Radioen

On air

Notturno  |  Water From Your Eyes - Adeleine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 2024 war och a China dat wäermste Joer

Klima

2024 war och a China dat wäermste Joer

D'Joer 2024 war och a China dat wäermste Joer zanter dem Ufank vun de Wiederopzeechnungen. Dat huet déi national chineesesch Wiederagence matgedeelt.

auto_stories

1 min

© picture alliance / CFOTO | CFOTO
Foto: picture alliance / CFOTO | CFOTO

D'Duerchschnëttstemperatur louch zejoert a China bei 10,92 Grad. Dat war ronn 1 Grad méi wéi d'Joer virdrun. Déi véier wäermste Joren a China wieren an de leschte véier Joer gewiescht, esou nach déi chineesesch Wiederagence. 

D'Welt-Wieder-Organisatioun hat ufanks der Woch betount: Dee vu Mënsche verursaachte Klimawiessel huet am Joer 2024 weider weltwäit extreem Wiederkonditiounen a Temperaturrekorde verursaacht. Dausende Leit wieren dowéinst ëm d'Liewe komm.