Radioen

On air

Notturno  |  Rosie Lowe - There Goes the Light

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ USA: Millioune Leit vu Schnéistuerm betraff

Esou kal wéi zanter 10 Joer net méi

USA: Millioune Leit vu Schnéistuerm betraff

An den USA si Millioune Leit vun engem Schnéistuerm betraff. Siwen US-Staaten hunn den Noutstand deklaréiert. De Stuerm soll déi keelsten Temperaturen zanter méi wéi engem Joerzéngt am Land bréngen.

auto_stories

1 min

© Weather & Radar USA via X
Foto: Weather & Radar USA via X

E sougenannte polare Vortex, also kal Loft aus der Arktis, bréngt déi extreem Wiederkonditiounen. Betraff si virun allem zentral US-Staaten, dorënner Kansas, Missouri a Kentucky. Dausende Flich goufen annuléiert. Vill Stroosse si gespaart, a Schoule bleiwen zou.