Zu Lëtzebuerg kann een e Sonndeg am Lycée Vauban seng Stëmm ofginn. Et kann een awer och bis haut 12:00 Auer online ofstëmmen.
Déi Conseillere sinn de Lien tëschent de franséische Bierger:innen an de Franséischen Autoritéiten. Si kënne verschidde Problemer léisen, ënner anerem wann et drëm geet, Demarchen ze maachen.
Vun administrativen a finanzielle Froen iwwer Berodung
Bannent deene leschte Joren hätten et bei der franséischer Verwaltung Verbesserunge ginn, preziséiert de Stéphane Vallance, President vum Conseil consulaire hei zu Lëtzebuerg.
"Donc les demandes, elles tournent toujours ou souvent autour de ces documents administratifs. Mais après vous pouvez avoir d'autres demandes qui tournent autour de la fiscalité. Aussi des retours en France. Parce que bon nombre de Français qui ont vécu pendant plusieurs décennies, des fois dans certains endroits, reviennent en France."
D’Conseilleren hunn donieft och d’Roll, Informatiounen iwwer d’Residenzland weiderzeleeden, erkläert de Stéphane Vallance.
"Parce qu'il y a des choses qui se font bien dans les autres pays du monde, et c'est une chance de pouvoir les découvrir et de pouvoir les faire transmettre aussi aux autorités nationales, pour valoir d'exemples."
Déi zweet Roll wier et, eng Aschätzung ze ginn.
"Il est consultatif, mais c'est de donner un avis pour faire évoluer le tissu social au Luxembourg. Ou à l'étranger, en fonction du pays dans lequel on se trouve. Pour les bourses scolaires. Ou aussi pour les aides sociales."
Duerch d'Lëtzebuerger Realitéit Brécke bauen
Dacks sinn déi Conseillere Member vun der Zivilgesellschaft, kennen déi Lëtzebuerger Realitéit a kënnen iwwer dee Wee Brécke bauen tëschent de Fransousen an de Lëtzebuerger.
D’Pascale Zaourou war déi éischte Presidentin vun der Auslännerassocaitioun CLAE. Si betount, et wier wichteg, dee Lien kënnen ze maachen.
"Pour moi, un conseiller doit être capable de connaître l'écosystème social institutionnel et culturel du pays. De l'autre étant française et ayant vécu en France, je connais aussi les difficultés que peuvent rencontrer les français. De ce fait, je suis capable d'être un pont entre les besoins des français qui arrivent ou qui sont déjà là et la société luxembourgeoise."
D’Conseillers des Français de l’étranger hunn eng weider Roll ze spillen. Zwee vun hinnen, déi zu Lëtzebuerg gewielt goufen, gi Member vun der Assemblée vun de Fransousen aus dem Ausland. Eng Instanz, déi sech mat de Problemer vun der Diaspora befaasst.
Weider dierfe si och als sougenannten “Grands élécteurs” un der Wal vun de Franséische Senateuren Deel huelen.