D’EU-Memberstaate mussen der EU-Kommissioun awer nach zoustëmmen. Ungaresch Student:innen a Fuerscher:inne sollen donieft nees voll Zougang zu den EU-Programmer Erasmus an Horizon Europe kréien.
Magyar setzt Reformen ëm
Am Mee war den deemools frësch gewielte Péter Magyar an d'EU-Kommissioun gereest fir esou séier wéi méiglech mat de Verhandlungen unzefänken. Deemools hat et geheescht, et kéint een déi agefruere Gelder net als Blankocheck un den neie Premier iwwerreechen. Dofir waren eng Rëtsch Konditioune genannt, déi Ungarn erfëlle misst.
Wéinst Verstéiss géint rechtsstaatlech Prinzippien hat d’EU ënner der fréierer Regierung vum Viktor Orbán EU-Gelder a Milliardenhéicht fir Ungarn blockéiert. No de leschte Parlamentswale gouf et awer ee Regierungswiessel mam Péter Magyar, deen och Reformen ugekënnegt hat. Am Juli schonn huet hien d'Noriichte vun deene staatleche Radios- an Tëleesendere gestoppt, mam Argument, domat "d'Propaganda-Maschinn" vu sengem Virgänger ze stoppen. Deen hat nämlech d‘Sendere mat eegene Leit besat, déi ënner strikter Kontroll stoungen.