An déi Initiativ vum Office national de l'accueil (ONA) gouf scho lescht Woch vun en Donneschdeg u lancéiert, eppes wat de Familljeministère Max Hahn awer an engem Interview vum 100.7 Mëtt dëser Woch op d'Nofro hin net ernimmt hat.
431 Persoune relogéiert
Dem ONA no wieren am Ganzen 274 Persounen an der ONA hier Noutstruktur um Findel relogéiert ginn, déi aner wieren an anere Gebaier vum ONA-Reseau ënnerbruecht ginn, dovunner 26 Persounen an engem Hotel, deen och ONA-Reseau gehéiert.
Retour ofhängeg vum Wieder
Et wier geplangt, déi Betraffen zeréck an d'Zeltstad ze bréngen, soubal d'Temperaturen dat och erlaben a wann d'Wiederprevisioune confirméiert ginn, da kéinten d'Leit schonn d'nächst Woch an de Centre de première Accueil um Kierchbierg, also der Zeltstad, ënnerkommen. Aner Strukture vum ONA wieren net vu Relogementer betraff.