U sech wëllt kee Patron d’Association d’assurance accident kontaktéieren. Well wa si ageschalt gëtt, dann heescht dat och, datt en Accident um Wee op d’Aarbecht oder op der Aarbecht geschitt ass. Dat sinn nämlech déi Fäll – nieft de Beruffskrankheeten – an deenen d’AAA aktiv gëtt.
Manner Accidenter trotz méi Salariéen
Am 100,7-Interview erkläert de Georges Wagner, Direkter vun der AAA, datt si eng staatlech Assurance sinn a fir d’Entschiedegungen an den dräi genannte Fäll opkommen.
“Mir sinn eng Mutualitéit vun Employeuren. An deem Sënn gi Leit vun der AAA entschiedegt, kënnen awer net géint de Patron goe fir zousätzlech entschiedegt ze ginn, à moins datt de Patron e Feeler gemaach hätt.”
Aus de Joresrapport vun 2025 ass ervir gaang, datt d’Assurance zejoert iwwer 15.000 Aarbechtsaccidenter a Krankheete suivéiert huet. Dat kléngt no vill, ass awer am Verglach zu de Jore virdru manner. Gläichzäiteg ass jo och d’Zuel vun de Salariéeë geklomm. Eng positiv Entwécklung also.
Den duerchschnëttlechen Aarbechtsaccident gëtt ëmmer méi deier
Deem stëmmt och de Georges Wagner zou. Hien erkläert, datt dat mat der Entwécklung vun der Beruffswelt zesummenhänkt: Méi Bürosaarbecht, wou d’Risike manner grouss sinn, datt engem eppes geschitt. Méi Preventioun an de Betriber. Teletravail, an domat verbonne manner Accidenter op der Strooss. An awer och manner Aktivitéit a verschiddene Secteuren.
“An duerch d’Krisen e bësse manner Aktivitéit a verschiddene Secteuren, notamment am Bau, wouduerch d’Zuel och e bësse besser gëtt. Dat dierf een net vergiessen.”
No uewen entwéckelt huet sech allerdéngs de Käschtepunkt: 2019 huet en Aarbechtsaccident am Duerchschnëtt nach 3.570 Euro kascht. 2025 waren et bal 1.000 Euro méi. Den Direkter vun der AAA erkläert, datt dat mat der allgemenger Präisdeierecht zesummenhänkt.
Bonus-Malus-System zënter 2019
D’Assurance fiancéiert sech iwwerdeems ausschliisslech duerch d’Cotisatioune vun den Employeuren. Just deen Deel, deen d’Schüler couvréiert, gëtt vum Staat finanzéiert.
De Budget läit aktuell bei 250 Milliounen Euro d’Joer an d’Cotisatioune vu Patronatssäit sinn obligatoresch.
2019 ass e Bonus-Malus-System ageféiert ginn, fir gutt Patronen ze belounen déi e séchert Aarbechtsëmfeld hunn. Soubal an enger Zäitfënster vun engem Joer en Accident bei engem Patron geschitt, dee Fraise mécht, kann een de Bonus scho verléieren, erkläert den Direkter vun der Assurance.
Hie betount awer och, datt bal 93 Prozent vun de Betriber de Bonus aktuell bezéien.
"Vision zero": En utopescht Zil, dat motivéiere soll
Nieft der Indemnisatioun ass d’Preventioun den zweete grousse Volet, an deem d’AAA aktiv ass. Si bidde Formatiounen un, hunn e Label fir Gesondheet op der Aarbechtsplaz kreéiert, maache Kontrollen an de Betriber a lancéiere Campagnen a Brochuren.
Doriwwer eraus gëtt all Joers e Forum organiséiert, wou d’Betriber sech austausche kënnen. Nächst Joer steet déi 20. Editioun un. Da feiert d’Assurance och seng 125 Joer.
Bei der Preventioun schafft een op eng “Vision zero” hin, also dem Zil, keng Accidenter ze hunn. Dat wier natierlech utopesch, esou de Georges Wagner, mee et wéilt een esou no wéi méiglech drukommen.
An och de Bonus-Malus-System géing seng dozou bäidroen, schliisslech hätt et e psychologeschen Effekt, mengt de Georges Wagner.
De Bien-être vum Salarié als neien, drëtte Volet
D’Assurance huet sech awer och rezent en drëtte Volet gesat, nämlech de Bien-être op der Aarbechtsplaz.
“D’Aarbechtswelt huet vill changéiert an der Lescht mat neie Forme vun der Aarbecht, wéi dem Teletravail, oder der Plattformaarbecht. D’Leit wëlle méi Flexibilitéit an der Aarbechtszäit. D’Population active gëtt och méi al, mir hunn de Changement climatique (...). An deem Kader wëlle mir méi aktiv ginn.”
Deen Engagement soll sech och positiv op den Absentéisme auswierken, hofft de Georges Wagner. Aktuell gi Campagnen a Brochuren ausgeschafft, déi d’Patrone sensibiliséiere sollen.
Esou soll zum Beispill de positive Leadership vum Patron encouragéiert ginn. Dat bedeit, datt de Patron sech fir d’Gesondheet an d’Sécherheet am Betrib engagéiert an dat och aktiv weist a mat lieft.
Um Terrain géing een och eng Bereetschaft vu Säite vun de Patrone mierke fir op deem Wee matzegoen.
Eng 6 nei Beruffskrankheete sollen unerkannt ginn
Wat d’Beruffskrankheeten ugeet esou gëtt et aktuell en Tableau, dee Stand haut 62 Krankheeten unerkennt. Dee soll awer iwwerschafft ginn, seet de Georges Wagner. Eng 5 bis 6 nei Krankheete gi proposéiert fir opgeholl ze ginn. Déi hunn zum Deel och mam Klimawandel ze dinn.
Beispiller sinn Hautkrankheeten duerch d’UV-Stralung oder wann ee vun enger Mustik gepickt gëtt, déi u sech net an eise Regioune virkënnt.
Et kann een awer och indemniséiert gi wann eng Krankheet net um Tableau steet.
“Et gëtt en Artikel am Gesetz dee seet, wann eng Krankheet net op der Lëscht ass ka se awer unerkannt gi wann d’Persoun beweise kann, datt se vun der Aarbecht kënnt.”
Dat kéim och reegelméisseg vir, erkläert de Georges Wagner, zum Beispill bei allem, wat de Réck ugeet, oder bei Depressiounen a Burnout.