arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fro zu Suivi vun engem Dossier: All Dag gi ronn 420 Appell bei de CNS an

Santé

|
reading time

1 min

Fro zu Suivi vun engem Dossier: All Dag gi ronn 420 Appell bei de CNS an

All Dag ruffen ongeféier 420 Leit bei de CNS u well se eng Fro hunn zum Suivi vun enger Demande. Dat sinn ongeféier 9.200 Appeller an engem Mount. Dat schätzt d‘CSV Gesondheetsministesch Martine Deprez op eng parlamentaresch Fro vun der DP.

reading time

1 min

© Radio 100,7
(Foto: Radio 100,7)

Dat bedeit, datt ronn 17 Prozent vun all den Appeller bei der Gesondheetskeess, ronderëm de Suivi vun engem Dossier ginn. D‘DP-Deputéiert Corinne Cahen hat e Lieserbréif vun enger Persoun opgegraff, déi sech beschwéiert hat, datt si de Suivi net online kéint maachen.

Digitaliséierungs-Strategie géif no a no agefouert ginn 

Et wier geplangt, am Kader vun der Digitaliséierungs-Strategie, déi Echangen no an no ze digitaliséieren. Bis dohi wieren déi Ufroe just iwwer Telefon méiglech. Do géifen d‘Mataarbechter:innen vun der CNS awer probéieren, d‘Demande esou séier wéi méiglech ze traitéieren. Et géifen awer keng gesetzlech oder statutaresch Delaien dofir virgesinn.