arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fënnef CFL-Zich si mat Sammelbehälter fir gebrauchte Sprëtzen ekipéiert

Mobilitéit

|
reading time

1 min

headphones

2 min

play_arrow

Fënnef CFL-Zich si mat Sammelbehälter fir gebrauchte Sprëtzen ekipéiert

Zanter Enn Juli goufen a fënnef Zich vun der CFL Sammelbehälter fir gebrauchte Sprëtzen installéiert. Dat äntwert d‘DP-Mobilitéitsministesch Yuriko Backes op eng parlamentaresch Fro vun de Piraten. Am Ganze sollen esou Sammelbehälter an zéng Zich installéiert ginn.

reading time

1 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance / Phanie | BURGER/PHANIE
(Foto: picture alliance / Phanie | BURGER/PHANIE)

Ronn 60 Prozent vun de fonnte Sprëtze waren Insulinsprëtzen oder aner Nole fir medezinesch Zwecker, heescht an der Äntwert vun der Ministesch. Déi aner ronn 40 Prozent si Sprëtze fir den Eenzelgebrauch, déi ënner anerem och vun Drogenofhängege benotzt ginn.

Den Ament si fënnef Zich vun den CFL mat esou Sammelbehälter ekipéiert. Insgesamt sollen et der zéng ginn. De Pilotprojet soll maximal ee Joer daueren, da gëtt Bilan gezunn, ob doduerch tatsächlech manner Nolen an den Zich falsch entsuergt ginn.

8 Aarbechtsaccidenter mat Nolen

Nieft der Unzuel vu gebrauchte Sprëtzen an den Zich, wollt de Marc Goergen ënner anerem nach wëssen, wéi d'Personal beim Ëmgang mat de Behälter geschützt gëtt. Der Äntwert no goufen zënter 2023 aacht Aarbechtsaccidenter registréiert, bei deene sech Mataarbechter:inne vun den CFL oder externe Firmen u falsch entsuergte Sprëtze blesséiert hunn.

D’Behälter gi vun der zoustänneger Botzdivisioun eidel gemaach. D’Mataarbechter:inne kruten dofir eng speziell Formatioun a passend Schutzausrüstung.

Fir den RGTR oder den Tram sinn den Ament keng esou Sprëtzen-Behälter virgesinn. Fir d'éischt well ee bei den CFL d'Resultater vum Pilotprojet ofwaarden.

play_arrow Lauschteren