arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Am Staatsrot gëtt eng weider Plaz fräi: Georges Kohn vu sengem Posten zeréckgetrueden

National

|
reading time

1 min

Am Staatsrot gëtt eng weider Plaz fräi: Georges Kohn vu sengem Posten zeréckgetrueden

Nom Yves Wagener am Februar huet och de Georges Kohn seng Demissioun matgedeelt. Dat huet de President vum Staatsrot, de Marc Thewes, eis op Nofro hi confirméiert. Deemno hätt de Georges Kohn seng Demissioun aus perséinleche Grënn virun dräi Wochen agereecht.

reading time

1 min

Staatsrot | © Adobe Stock
Staatsrot (Foto: Adobe Stock)

D’Nominatioun gëtt bei dësem Poste vum Staatsrot selwer proposéiert. Deemno géifen elo zwee verschidde méiglech Profiller fir de Posten ausgeschriwwe ginn, esou de Marc Thewes.

Chamber wäert Appell à candidature lancéieren 

De genaue Kalenner géif an dësem Fall awer nach net feststoen. Fir de Remplacement vum Yves Wagener ass et un der Chamber, dem Grand-Duc eng Nominatioun ze proposéieren. De Staatsrot huet fir dee Poste schonn zwee méiglech Profiller festgehal a se un d’Chamber virugeleet, déi an den nächsten Deeg den entspriechenden Appell à candidatures wäert lancéieren.

Fir dëse Posten hat d’LSAP-Politikerin Paulette Lenert schonn hiren Interessi ausgedréckt. De parteilose Georges Kohn war Enn 2024 als Successeur vum Christophe Schiltz an de Staatsrot komm. Hien hat sech deemools géint den LSAP-Kandidat Max Leners duerchgesat, wat bei de Sozialiste fir Kritik gesuergt hat. Den Yves Wagener souz fir Déi Gréng am Staatsrot.

Der Parteiproporz-Reegel no soll dem Yves Wagener säi Posten un d’LSAP goen, dem Georges Kohn säin un d’DP.