arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Amplaz op Kiermesméindeg: Stater Braderie dëst Joer eng Woch méi spéit wéi gewinnt

97. Editioun

|
reading time

2 min

Amplaz op Kiermesméindeg: Stater Braderie dëst Joer eng Woch méi spéit wéi gewinnt

Déi 97. Stater Braderie ass dëst Joer eng Woch méi spéit wéi gewinnt: amplaz Enn August op Kiermesméindeg ass se dëst Joer de Méindeg drop, de 7. September. Méi wéi 190 Commerçanten aus der Uewerstad an dem Garer Quartier maachen dobäi mat.

reading time

2 min

© Radio 100,7
(Foto: Radio 100,7)

D'Organisateure versprieche sech duerch de méi spéiden Datum méi Visiteuren. Enn August wieren nämlech nach vill Leit an der Vakanz, erkläert d'Mireille Rahmé. 

"De Kiermesméindeg dëst Joer war den 31. August, dat ass d’Rentrée bei eisen Noperen. An August ass net esou gutt vun de Chifferen hir wéi eng Braderie an engem September. Mee wann de Kiermesméindeg awer nees eemol an de September fält, dann hale mir deen natierlech bäi."

Vun 09:00 bis 19:00 Auer ginn nieft de klassesche Braderie-Offeren och Animatiounen, Gewënnspiller a Food-Stänn ugebueden, wéi d’Mireille Rahmé, Presidentin vum Stater Geschäftsverband, haut op enger Pressekonferenz matgedeelt huet.

Digitaalt Shoppe kann déi physesch Experienz net ersetzen

Fir de Stater Geschäftsverband bleift d’Braderie dobäi och an Zäite vum Onlinehandel e wichtegt Evenement. D’Akafsgewunnechte vun de Clienten hu sech an de leschte Jore staark verännert, mee fir d’Mireille Rahmé kann den digitale Shopping de physesche Commerce net ersetzen.

"Eng Braderie ass eng Traditioun. (...) Dir gitt an e Geschäft, dir gitt beroden: Geet déi Faarf mir, ass dat déi richteg Gréisst, soll ech dee méi kleng kafen, dréckt de Schong oder kraazt de Pullover? Dat kënnt Der net am Onlinehandel hunn."

Geleeënheet fir Commercant fir al Kollektioun lasszeginn

Dëst Joer sinn 146 Stänn an der Uewerstad a 46 am Garer Quartier dobäi, e puer manner wéi d’lescht Joer. Besonnesch fir onofhängeg Geschäftsleit bleift d’Braderie e wichtegen Dag, erkläert Mireille Rahmé.

"Et ass ganz wichteg fir den Independant, well deen huet keng Geleeënheet, fir seng al Kollektiounen zeréckzeschécken. Eng Braderie oder e Stroossemaart, dat ass déi eenzeg Geleeënheet, fir deen ale Stock lass ze ginn. D’Leit komme jo fir e gudde Schnäppchen ze maachen. Dat mécht seng Reserve eidel an dat bréngt Suen an d’Keess an ech mengen déi Sue gi gebraucht fir déi nei Kollektiounen ze bezuelen."

Fir de Visiteure méi Plaz ze maachen, gëtt de Verkéier a verschiddene Stroossen ageschränkt an eenzel Buslinne ginn ëmgeleet.

Schonn de Weekend virdrun ass „Braderiesweekend“. Do ginn et speziell Offeren, e verkafsoppene Sonndeg an e Vide-grenier an der Avenue de la Gare vun 10:00 bis 17:00 Auer.

© Chris Meisch
(Foto: Chris Meisch)