Iwwerdeems huet d‘Zuel vu Pensionnairen an Däitschland en neie Rekord erreecht. Eppes méi wéi 19 Millioune Leit hunn um Enn vum leschte Joer eng Pensioun an Däitschland bezuelt kritt, esou e Rapport vun der däitscher Renteversécherung. D‘Käschten dofir géinge bei iwwer 300 Milliarden Euro leien. Bal all véiert Persoun géif an Däitschland fréizäiteg an d‘Pensioun goen, esou de Rapport.
arrow_back_ios
100komma7.lu
Däitschland
|An Däitschland lafen d'Käschte fir d'Krankekeesen aus dem Rudder
Bei de gesetzleche Krankekeesen an Däitschland wier dat finanziellt Lach vill méi grouss wéi erwaart, huet d'Bild Zeitung gemellt. Deemno géif de Gesondheetsministère dovun ausgoen, datt den Defizit d'nächst Joer 3,5 Milliarden Euro méi héich wäert gi wéi erwaart.
(Foto: picture alliance / FotoMedienService | Ulrich Zillmann)