Radioen

On air

Concert  |  Kammermusek fir den Ouschterbrunch

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Apple, Microsoft a Co. musse weider zidderen: Ausnam eventuell just fir kuerz Zäit gülteg

Douanestaxen

Apple, Microsoft a Co. musse weider zidderen: Ausnam eventuell just fir kuerz Zäit gülteg

Am Handelskrich mat China wëllen d'USA wéi et schéngt awer nees extra Taxen op elektronesche Produiten aféieren, déi aus China importéiert ginn. De leschte Freideg hat den Donald Trump jo annoncéiert, datt Smartphonen a Computere vun der Tax vun 145 Prozent ausgeschloss ginn. Mee dës Ausnam soll nëmmen temporär sinn.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki)

Déi betraffe Produits-Gruppe solle geschwënn nees zousätzlech taxéiert ginn, sot den Handelsminister Howard Lutnick an engem Interview mat ABC News. Hie gouf keng Detailer, ob dann zum Beispill d'Smartphonë vun Apple awer betraff wieren. E groussen Deel vun den iPhonen an aneren Apple Apparater ginn a China produzéiert.

D'Wäisst Haus huet Smartphonen a Computere vun der Importtax vun 145 Prozent fir China ausgeschloss.

Et wier nach kee Land iwwer de Bierg, a besonnesch net China. Dat sot den Donald Trump rezent am Bezuch op déi amerikanesch Douanestaxen. Op sengem soziale Reseau hat den Donald Trump iwwerdeems och schonn ugedeit, datt déi Ausnam eventuell nëmme fir eng kuerz Zäit gëlle kéint.

China huet den Donald Trump opgeruff, seng Tax-Offensiv komplett falenzeloossen. De chineesesche President Xi Jinping ass haut um Méindeg am Vietnam. Déi éischt Statioun vun enger Tournée a südostasiatesche Länner.