D‘Stad Lëtzebuerg kënnt domat an d‘Top-100 vun de Stied op der Welt, wou et de meeschte Stau gëtt. An der Moyenne stoungen d‘Automobilisten zu Lëtzebuerg d‘lescht Joer 55 Stonnen am Stau, dat sinn nach emol 2 Prozent méi wéi d‘Joer virdrun.
Op den éischte Plazen, wou d‘Leit also am meeschten am Stau halen, sinn Istanbul, New York, Chicago, London, Mexiko-City a Paräis, mat ëm déi 100 Stonnen.
D‘Stad Lëtzebuerg läit mat iwwer zwee Deeg bei Stied, wéi Guildford oder Harlow an England, Hamburg oder Vitrolles.