Datt den Ötzi fonnt gouf huet der Wëssenschaft eng ganz Rei Erkenntnisser erméiglecht. D’Häerz vun der Ötzi-Fuerschung schléit zu Bozen am Südtiroler Archäologiemuseum.
D'Directrice vum Musée, d'Elisabeth Vallazza erkläert am 100,7-Interview, datt vill glécklech Ëmstänn dozou gefouert hunn, datt de Kierper esou gutt erhale bliwwen ass.
Speziell Killzell fir den Ötzi
Dat eent wier, datt den Ötzi an engem Gletscher ëm d'Liewe komm ass, an domat permanent vu Minustemperaturen ëmgi war.
"Zum anderen war das eine besondere Stelle und zwar eine Mulde. So wurde der Körper und auch die ganzen Ausrüstungsgegenstände und die Bekleidung geschützt."
Fir datt sech de Verwesungsprozess esou laang wéi méiglech zitt, gouf eng speziell Killzell speziell fir den Ötzi entwéckelt. Do läit d'Läich, ëmgi vun Äis, bei minus sechs Grad an 99 Prozent Loftfiichtegkeet.
"Das stellt sicher, dass einfach die Luftfeuchtigkeit immer konstant bleibt und vor allem sehr hoch bleibt. Dieses ganze System ist vielfach abgesichert."
All technesch Elementer hätten Ersazdeeler, déi géifen asprangen, wa sollt eppes ausfalen.
Doudesëmstänn loosse Froen op
Eréischt 10 Joer nodeems den Ötzi fonnt gouf, hu Wëssenschaftler:innen erausfonnt, datt hien duerch ee Feil am Réck ëm d'Liewe komm ass.
Zwar kéint et sech theoreetesch ëm ee Juegdaccident handelen. Et wier awer méi warscheinlech, datt et sech em Mord handelt, erkläert d'Elisabeth Vallazza.
"Weil die Täter, wenn es mehrere waren, sich aus dem Hinterhalt wahrscheinlich angeschlichen haben, in den Rücken geschossen haben, aus einer sicheren Entfernung, und diese Person an Ort und Stelle wahrscheinlich gestorben ist an einem Schock, an einer Blutung. Das ist ungefähr das wahrscheinlichste Szenario."
Den Ötzi faszinéiert net just d'Wëssenschaftler:innen: Pro Joer besiche ronn 300.000 Mënschen de Musée a Südtirol.
Lauschtert hei dee ganzen Interview mat der Elisabeth Vallazza