arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bëschbränn a Frankräich gi virun - 10.000 Leit evakuéiert

Frankräich

|
reading time

2 min

Bëschbränn a Frankräich gi virun - 10.000 Leit evakuéiert

A Frankräich ginn d'Bëschbränn weider, an déi nächst Canicule huet ugefaangen. Eng 26 Bränn goufen et gëschter am Hexagon, dee gréissten an de Pyrénées-Orientales, wou eng 10.000 Persounen hu missen evakuéiert ginn.

reading time

2 min

© EPA/CHLOE REULET
(Foto: EPA/CHLOE REULET)

Knapp waren d'Bränn vu leschter Woch ënner Kontroll, huet d'Feier nees ëm sech gegraff. Am Südweste vum Land, an de Pyrénées-Orientales, huet d'Feier schonn iwwer 2000 Hektar verbrannt.

D'Awunner vun de betraffenen Dierfer hu vun dramateschen Zeene bericht, eng 10.000 Persoune goufen aus Sécherheetsgrënn evakuéiert. Ee Pompjee an ee Bewunner goufen duerch d'Flamen uerg blesséiert a sinn a kriteschem Zoustand. Eréischt um Donneschdegowend waren an de Pyrénées-Orientales eng 3.000 Persounen evakuéiert ginn.

Eng Rëtsch Bränn uechter Frankräich

Awer net nëmmen hei kämpft ee géint d'Flamen, 26 Bränn goufen et gëschter Owend am Hexagon, ënner anerem an den Departementer Drôme a Gard. 3.000 Pompjeeë sinn am Asaz fir d'Feier ënner Kontroll ze bréngen.

Wéinst dem Feier an de Pyrenäe gëtt d'Etapp vum Tour de France haut dann och adaptéiert an ouni Spectateuren ofgehalen. Wéinst den immens héijen Temperature sinn d'Bëscher an d'Gestrëpp extreem dréchen an ufälleg fir Feier ze fänken. Haut fänkt dann och déi nächst Canicule a Frankräich un.

Nächst Canicule steet virun der Dier

Plazeweis ginn iwwer 40 Grad erwaart. Op d'mannst 16 Departementer stinn ënner der zweethéchster Hëtzt-Warnstuf. Eréischt d'nächst Woch sollen d'Temperaturen nees liicht erofgoen. D'Klinicken a Frankräich sinn dowéinst besuergt, bei der leschter Canicule virun enger Woch gouf et zu Paräis 60 Prozent méi Noutfäll an den Urgencë wéinst der Hëtzt. Éischten Aschätzungen no huet d'Canicule zu iwwer 2.000 zousätzlechen Doudesfäll a Frankräich geféiert.