arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zwou Explosiounen zu Damaskus: Méiglecht Attentat op de franséische President Macron?

Syrien

|
reading time

1 min

Zwou Explosiounen zu Damaskus: Méiglecht Attentat op de franséische President Macron?

Zu Damaskus, direkt nieft dem Hotel, an deem de franséische President Macron iwwernuecht huet, wier eng Explosioun ze héiere gewiescht. Dat mellen international Noriichtenagencen. Wéi et heescht, hätten Aenzeien no der Detonatioun schwaarzen Damp gesinn. Am Zentrum gouf et eng weider Explosioun.

reading time

1 min

(v.l.n.r.) Emmanuel Macron, Ahmad al-Scharaa  | © EPA/MOHAMED AL RIFAI
(v.l.n.r.) Emmanuel Macron, Ahmad al-Scharaa (Foto: EPA/MOHAMED AL RIFAI)

Et ass déi éischte Kéier zënter 15 Joer, datt een europäesche Staatschef a Syrie reest. Wéi déi syresch Mënscherechtsorganisatioun mellt, wiere wärend der Visitt vum Emmanuel Macron zwou gréisser Explosiounen an der Haaptstad ze héiere gewiescht. 

D'Explosioun, nieft dem Hotel, an deem den Emmanuel Macron ënnerbruecht ass, wier méi staark gewiescht, wéi déi am Zentrum vun Damaskus. 

Emmanuel Macron net blesséiert 

Detailer iwwer méiglech Doudesaffer oder de materielle Schued sinn offiziell nach net bekannt. Et wier ee Sécherheetsperimeter ronderëm déi zwou Plaze gezu ginn.

De Macron wier den Ament am Presidentepalais fir eng Entrevue mam syresche Staatschef Ahmed al-Scharaa. Hie wier net blesséiert ginn. 

Ob et sech ëm een Attentat op de franséische President handelt, ass den Ament nach net offiziell bestätegt.