Radioen

On air

Tockcity  |  Owespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ C'est Karma: Hiren éischte Concert a Groussbritannien

Concert

C'est Karma: Hiren éischte Concert a Groussbritannien

D’Karma Catena an hir Grupp C’est Karma hunn hei am Land well op etleche Büne gespillt. A Groussbritannien ass si allerdéngs nach ganz nei. An do huet si ugangs November hiren éischte Concert viru brittesche Publikum gespillt. D’Claire Barthelemy war zu London vir eis kucken.

auto_stories

5 min

headphones

6 min

play_arrow
Foto: Claire Barthelemy

Geschriwwe vum Claire Barthelemy

Stoke Newington ass een hippe Quartier am Nordoste vu London, an eng gutt Plaz fir Artisten, déi sech en Numm wëlle maachen. D’Karma Catena spillt hei am Waiting Room, dat ass ee Concert’s Sall ënnert dem Three Crowns Pub. Géint 7 fänkt et un och am Pub bësse méi voll ze ginn, an d’Karma ass grad mam Soundcheck fäerdeg.

Wat kennen sech d’Leit hei zu London da vun hirem Concert erwaarden?

"Ech mengen et gëtt bësse wëll, bëssen emotional, bëssen douce, bëssen haart. Et gëtt bësse vun allem."

Prett rëm live ze spillen

De Release vun hirem éischten Album, "how to peel an orange" war mat Stress verbonnen, sot si. Si wier lo jiddefalls prett, rëm live ze spillen.

"Ech hoffen, datt ech vill Spaass hunn. Dat ass eppes wat ech ënnerschat hunn, mam Album, der Campagne an esou. Dofir well ech einfach genéissen a Spaass hunn a soss hunn ech keng Erwaardung."

Als nei Artistin an eng grousser Stat huet natierlech och bësse Marketing misse gemaach ginn, an dat iwwert Reklammen op soziale Plattforme wéi Instagram a Facebook. D’Karma gëtt awer zou, datt si dat mat gemëschte Gefiller mécht.

"Ech hunn eng ganz komplizéiert Relatioun zu de soziale Medien, ech maachen et net gären. Et ass awer eppes deem een net entkënnt, wat et mi komplizéiert mécht."

"Relativ gudde Feedback"

Wéi vill Tickete verkaaft goufen, wollt d’Karma virum Concert net wëssen.

"De Feedback war, datt ech erstaunlech vill Tickete verkaaft dofir, datt ech nach ni hei zu London gespillt hunn. Ech weess net wat dat heescht mee ech mengen dass dat am Fong relativ gudde Feedback."

De Waiting Room huet sech awer lues a lues gutt gefëllt. Et ware virun allem jonk Leit déi de Concert kucke komm sinn. De Sall huet bei d’Intimitéit vun der Karma hirer Musek gepasst. Och wann hire Sound mat der Band sech an engem mi grousse Raum besser hätt kéinten entfalen.

"Fado for the gays"

Wärend dem Concert huet d’Karma vill mam Publikum gepotert an och erkläert, ëm wat et an hire Lidder geet.

"Maria João'" zum Beispill wier ee "Fado for the gays". Ee Lidd wat sech un déi riicht déi oft keng Plaz an den Traditioune fannen. Queer Identitéit behandelt d’Karma oft an hirer Musek.

"Ech menge schonn, datt déi Aart wei ech liewen an d’Welt wouer huele scho vu menger Queerness beaflosst ass an dofir fannen ech et immens schwéier Konscht e maachen ouni dat deel dovun ze maachen."

Queer Mënsche sollen sech op engem C’est Karma Concert sécher fillen, seet si. 

© Claire Barthelemy
(Foto: Claire Barthelemy)

Ee bedéngungslose safe space fir queer Leit

Datt si dësen Owend an engem Land optrëtt, wou iwwert d’Rechter vun Trans Leit debattéiert gëtt, ass hir och bewosst.

"An ech fannen et och wichteg ëmmer rëm kloer ze manifestéieren, datt déi Plazen, wou ech als Kënschtlerin stattfannen, bedéngungslos safe space musse sinn, fir queer Mënschen. Virun allem an enger Platz wéi England wou Transfeindlechkeet rëm trendy ass, fannen ech et duebel wichteg meng Positioun als cis Fra ze notzen, fir och kenne mech da fir Transrechter auszeschwätzen."

Bei all Nout voll dobäi

Zu Stoke Newington um Concert huet d’Karma d‘Leit um Ufank opgefuerdert, méi no bei d’Bün ze kommen, nodeem si jo lo mat hinnen sou perséinlech Geschichte gedeelt hätt. No e puer Lidder wierkt d’Publikum dann och immens begeeschtert. D’Karma ass bei all Nout voll dobäi, hiren Optrëtt rappt immens mat.

"Et ass mer awer scho virkomm, datt mer op der Bün Tréine komm sinn, ebe well et sou perséinlech ass. Mee meeschtens kréien ech mäi Bünen-Ech a mäi Privat-Ech awer gutt getrennt."

Zënter Brexit sinn Optrëtt méi komplizéiert

Och ware Leit aus hirer Famill haut dobäi, wat d’Musekerin immens gefreet hat, well dëse Concert hei jo awer wäit vun doheem war. Fir bis a Groussbritannien ze kommen, war net einfach. D’Organisatioun fir a Groussbritannien ze spillen, ass mëttlerweil nom Brexit zimmlech komplizéiert.

"Dann hu mer misse rausfanne wéi dat mam Material geet, well een dat verzolle muss, muss een alles penibel deklaréieren. Ass bëssen e Wansinn fir an England ze spillen. Mécht méi Sënn méi wéi ee Concert ze spillen, dat ass scho kloer."

Hirt Zil ass et elo, Musek ze maachen

Op déi nei Fans a Groussbritannien sech eemol op eng Tour freeë kennen, ass nach ofzewaarden. Op alle Fall wäert d’Karma doheem weider Musek maachen, an dat net onbedéngt just fir hire Projet C’est Karma.

"Ech konzentréiere mech lo mol bëssen op Musek, virun allem op Songwriting, onofhängeg op dat lo fir mech ass oder vir anerer, fir Film, fir Theater ass. Mäin Zil ass et lo Musek ze maachen an dann an engem Joer kucke mer weider."

Zu Stoke Newington war de Concert jiddefalls am Waiting Room immens gutt ukomm.

Lauschterenplay_arrow