arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ CNA-Direkter zu Mobbingvirwërf: Personalgespréicher "mat néideger Courtoisie" geféiert

National

|
headphones

4 min

headphones

13 min

play_arrow

CNA-Direkter zu Mobbingvirwërf: Personalgespréicher "mat néideger Courtoisie" geféiert

Am CNA soll en toxescht Aarbechtsklima herrschen. Vu Mobbing ass rieds. Wat seet den Direkter vum CNA, de Gilles Zeimet, zu deene Virwërf? Villes héing mam neien Organigramm zesummen, mengt hien.

headphones

4 min

headphones

13 min

play_arrow
Gilles Zeimet | © Radio 100,7
Gilles Zeimet (Foto: Radio 100,7)

Leschte Freideg huet dee fréieren CNA-Mataarbechter Joy Hoffmann en oppene Bréif am Tageblatt publizéiert, an deem hien der Leedung vum CNA, dem Centre national de l'audiovisuel, ënner anerem en autoritäre Féierungsstil a Mobbing virgehäit.

De Méindeg drop huet den CNA mat engem Pressecommuniqué geäntwert, an deem och betount gouf, datt den CNA-Direkter Gilles Zeimet net fir en Interview zur Verfügung stoe géing. Elo, puer Deeg duerno, hätt hien awer déi néideg Rou, fir op d’Virwërf anzegoen, esou de Gilles Zeimet am 100,7-Interview.

Virwërf "affektéieren" d'Ekipp

D’Kritik vum Joy Hoffmann bezitt sech op Mikromanagement, en toxescht Aarbechtsëmfeld an Dysfonctionnementer. Punkten, déi d’Sarah Pepin, Journalistin vum Lëtzebuerger Land, an engem Artikel och opgräift.

Dem Gilles Zeimet säin éischte Gedanke wier gewiescht: Wéi geet et der Ekipp vum CNA, déi am Alldag mat him zesummeschafft? Schliisslech wier den Joy Hoffmann schonn zënter iwwer 10 Joer an der Pensioun an hätt keen direkten Abléck an den Aarbechtsalldag vum CNA, esou den Direkter.

D’Reprochë vum Joy Hoffmann hätten d’Leit “profondement affektéiert” an Emotiounen ausgeléist, seet de Gilles Zeimet. Et wier elo seng Aufgab an déi vun de Coordinateure vun den Departementer, nees Rou an de Betrib ze kréien.

“Leit, déi am Alldag 3 bis 4 Projete musse managen, déi sinn affektéiert. Mir mussen oppassen, datt déi elo net hir Confiance verléieren.”

Grouss strukturell Changement stoungen un

Op d’Mobbingvirwërf ugeschwat, déi am Raum stinn, huet de Gilles Zeimet nëmmen indirekt reagéiert.

Am 100,7-Interview schwätzt hie bei de Beschëllegunge vun zwee Voleten: Dat, wat mat der Reorganisatioun vum CNA ze dinn huet, an dat, wat mat de Projete vum CNA zesummenhänkt.

Wou hien d’Rudder vum CNA iwwerholl hat, hätt hien déi éischt Wochen domadder verbruecht, den Organigramm ofzeschléissen. Grouss Changementer an der Struktur wieren domadder verbonne gewiescht.

“Wat ass en Organigramm? Dat ass eng Struktur, déi de Leit hiert Beruffsliewen organiséiert. (...) Do mussen nei Lienen tëschent de Leit entstoen. Vill Lienen hu sech séier etabléiert, aner sinn net esou séier komm.”

Eenzel Fäll wëllt den Direkter net kommentéieren

Als Direkter wier et säi Rôle gewiescht Moderator ze spillen, erkläert de Gilles Zeimet. Wa mat “vill Efforten” dee Lien tëschent de Leit “net tisséiert” ka ginn, da misst ee sech berufflech ëmorientéieren. Fir säin eegent Wuel an dat vun der Organisatioun, esou de Gilles Zeimet.

All Gespréicher an deem Kontext wiere “mat der néideger Courtoisie” geféiert ginn an d’Dialoger wieren ëmmer “zilorientéiert” gewiescht, seet de CNA-Direkter.

An de leschten 2 an en halleft Joer hu 5 Leit de Betrib verlooss. Den Joy Hoffmann schwätzt vun engem Fall, wou en Affekot ageschalt ginn ass. Eenzel Fäll vum Personal kéint hien net kommentéieren, esou de Gilles Zeimet.

Ausfall vu Klimaanlag: Schued kann nach net chiffréiert ginn

Och déi alldeeglech Aarbecht am CNA steet an der Kritik. E prominent Beispill ass de Fall, wou eng Klimaanlag ausgefall ass an doduerch verschidden Exponate beschiedegt goufen.

De Gilles Zeimet erkläert, datt anormal Wäerter vun engem Mataarbechter gemooss gi sinn. Et hunn deen Ament awer och extreem schmeier Wiederconditioune geherrscht, esou datt ee sech net sécher war, ob d’Klimaanlag just un hir Limitte kéim, oder quasi ganz ausgefall wier.

Well Congé Collectif war, konnt deen Techniker, dee sech ëm d’Klimaanlag këmmert, net direkt dono kucken.

De manuelle Monitoring vun den Temperatur- a Fiichtegkeetswäerter ass rezent ofgeschaaft ginn. Et wieren elo zwee Sensoren am Raum, déi dat moossen, seet de Gilles Zeimet. Deemnächst sollen déi awer och de Suivi an Echtzäit kënne maachen, fir datt direkt en Alarm ausgeléist gëtt, falls eppes net stëmmt.

De Schued un de Wierker kéint een nach net chiffréieren, seet den Direkter vum CNA. Enn der Woch soll hien awer en detailléierte Rapport kréien.

Kino Starlight: Renovatioun kënnt zum richtegem Ament, esou den CNA-Direkter

Zur Renovatioun vum Kino Starlight zu Diddeleng, fir dee 600.000 Euro investéiert ginn, seet hien, datt et absolut néideg wier. Dat, well de Kino mëttlerweil 20 Joer um Bockel hätt. D’Projektere wieren un hirem Liewensenn ukomm. En plus entsteet hanner dem CNA en neie Quartier fir bis zu 3.000 Leit. Et wier also de richtege Moment de Kino elo ze moderniséieren, esou de Gilles Zeimet.

 

play_arrow Lauschteren