Den Aktiounsplang géif virgesinn, datt ee bei de Kollektivverträg Dispositiounen an d'Aarbechtsgesetz schreift, fir Ännerungen a Punkto Aarbechtszäitorganisatioun kënnen ze maachen. Wann d'Sozialpartner sech eens gi kéint sech fir déi Beschäftegt doduerch follgendes änneren.
"Insgesamt schafft een net méi, mee anescht, an dass een do ka Work Life Balance an och wat déi aner Besoine sinn, fir d'Kanner ze versuergen, dass déi Méiglechkeeten elo domadder geschafe ginn, an dass een dat Betrib fir Betrib ka maachen, dass mer do déi Dispositioune géifen esou änneren, dass dann d'Vertragspartner d'Méiglechkeet hunn, dat ze verhandelen an déi eng oder an déi aner Richtung."
Vun do un géif sech den Aarbechtsminister dann eraushalen, esou de Marc Spautz. Dat wier vun deem Punkt un dann eng Saach tëschent de Sozialpartner, wou een de gesetzleche Kader als Politik géif ginn.
Zuel vu Kollektivverträg soll klammen
Den Aarbechtsminister betount iwwerdeems, datt duerch dësen Aktiounsplang d’Zuel vun de Kollektivverträg soll eropgoen. Wann d’Méiglechkeet fir Verhandlungen tëschent Sozialpartner besteet, géif den Interêt fir Kollektivverträg méi grouss ginn, esou nach de Marc Spautz.
Lauschtert hei de ganzen Interview mam Aarbechtsminister Marc Spautz