Fraen a Männer géife verschidde Symptomer fir déi nämmlecht Krankheeten entwéckelen. Et géif och ze laang daueren, éier eng Diagnos vu verschidde Pathologië bei de Frae ka gemaach ginn.
Och méi Opklärung ass néideg
Dat gëllt bei der Endometriose, ënnert där 10 Prozent vun de Frae leiden. Dacks géif déi Péng einfach erofgespillt ginn, bedauert d’Taina Bofferding, LSAP-Fraktiounscheffin, déi sech eng Sensibiliséierung och an der Aarbechtswelt wënscht.
"Och op der Aarbechtsplaz opzeklären, souwuel d'Aarbechtskolleeginnen awer och d'Patronat selwer, fir ze wëssen, datt dat awer eng chronesch Krankheet ass, déi d'Leit hunn an net, dass do Leit feelen, well se einfach e bësse Bauchwéi hunn an e bësse Blutt verléieren, wéi d'heiansdo mol ganz, salopp duergestallt gëtt."
Apparater fir Mammografien: Nach kee genauen Zäitplang
Ee weidere Sujet an der Debatt war och de Broschtkriibs. Datt nei Apparater fir Mammografien an de Spideeler agesat gi wier positiv, mee dat geet an den Ae vun der DP-Deputéiert Carole Hartmann net duer.
"Dass d'Dokteren esou Mammografieapparater ënner genau de selwechte Qualitéitskrittären och an hire Cabinet-médicalle notze kënnen, an esou ee Bäitrag zum Depistage vu Broschtkriibs an enger méi séierer Prise en charge vun de Patientinne liwwere kënnen."
D’Santésministerin Martine Deprez huet an deem Kontext gesot, datt een eng Analys géif realiséieren, vun deem wat um Terrain scho besteet.
"Ech kann Iech awer haut nach keen Zäitplang ginn, wéini mir do prett sinn. A wat mir awer erausfonnt hunn ass, datt et gutt wier, wa parallel dann dat Gesetz iwwert d'Societéiten och ënnerwee wier, fir datt mir déi zwee matenee kënnen denken."
Zukünfteg Penurie u Fraendokteren?
D’Mammografië gehéieren zur Preventioun, allerdéngs misst een och een Zougang hunn zu engem Fraendokter oder Fraendoktesch, betount déi gréng Deputéiert Djuna Bernard. Bei villen Doktere géing et laang Waardezäite ginn, gëtt si ze bedenken. Dobäi kéim een anere grousse Problem: An den nächsten 10 Joer, wäert bal d'Hallschent vun de Fraendokteren zu Lëtzebuerg de Pensiounsalter erreechen.
De Santésministère envisagéiert iwwregens eng Woch vun der Santé au féminin an d’Weeër ze leeden.