Et wier wichteg, datt d’Bauere manner ofhängeg vun Importer ginn, sot den EU-Kommissär fir d’Landwirtschaft, de Christophe Hansen.
"Mir hunn eng Demande vun de Consommateuren. Ech hunn och zu Lëtzebuerg verschidde Betriber besicht, déi op deen do Wee ginn. Mee et ass net ëmmer ganz einfach, well et keng Maschinne gëtt, fir dat ze botzen, ze dréchnen etc. An do musse mer effektiv noleeën, well op der Transformatioun an der Vermaartung hannendrun, do si mer am Moment nach op ganz ville Punkte schwaach."
Et géif kee Sënn maachen, déi Produkter vu baussent der EU ze importéieren, wann een se och selwer kéint produzéieren, esou nach de Christophe Hansen. D’EU importéiert den Ament all Joer ronn 14 Milliounen Tonne vu planzlechem Eewäiss - gréisstendeels aus Südamerika an den USA.
Méi Importer aus der Ukrain?
Der EU-Kommissioun no, solle méi Importer aus deem Beräich aus der Ukrain kommen. Wann d'Ukrain der EU eng Kéier bäitriede géing, kéint een den Handelsdefizit beim sougenannte planzlechen Eewäiss vun 13,9 Milliounen Tonnen op 4,7 Milliounen Tonne reduzéieren.
Verbesserunge beim Véi ugekënnegt
D'Kommissioun huet iwwerdeems gëschter eng Strategie presentéiert, déi d'Hale vun Déiere stäerke soll, datt dat widderstandsfäeg a nohalteg bleiwe géing.
Dës Weidere soll fir Betriber ,déi Déieren halen, e besseren Zougang fir Assurancen a méiglech mobil Schluechthaiser erméiglecht ginn.
Zil vum EU-Plang, deen zu Stroossbuerg presentéiert gouf, ass et och, den Undeel u Proteinnen am Véi-Fudder, déi aus der EU komme vu 25 op 35 Prozent eropzesetzen.