arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Corinne Cahen: Regierung soll iwwer de Co-Finanzement vum Tramarrêt GridX decidéieren

Séieren Tram

|
reading time

2 min

Corinne Cahen: Regierung soll iwwer de Co-Finanzement vum Tramarrêt GridX decidéieren

Et wier un der Regierung ze decidéieren ob privat Promoteuren sech an Zukunft finanziell un ëffentleche Projete bedeelege solle vun deene si selwer profitéieren. Dat sot d’Presidentin vun der Chamberkommissioun fir Mobilitéit an ëffentlech Bauten, Corinne Cahen, de Moien am 100,7 Interview.

reading time

2 min

© Radio 100,7
(Foto: Radio 100,7)

Kontext ass den Arrêt vum séieren Tram, deen beim GridX zu Wickreng geplangt ass. D’DP-Deputéiert ass der Meenung, datt een duerchaus eng Diskussioun iwwert de Co-Finanzement vun där Haltestell kéint féieren.

Et kéint een zum Beispill iwwer d’Schafe vun enger Wertschöpfungssteier nodenken, sot si, ouni awer d’Iddi weider ze präziséieren. D’Corinne Cahen mécht sech iwwerdeems och keng Suergen iwwer d’Finanzéierungsgesetz fir d’Streck vu Féiz bis op Bieles. Dat soll réischt an der nächster Legislaturperiod gestëmmt ginn.

"Et ass normal, dass d'Finanzéierungsgesetzer au fur et à mesure gestëmmt ginn an der Chamber. Dat ass dat normalst vun der Welt. Dat ass och mam Tram vu bis elo esou geschitt. An dat wäert och weider esou gemaach ginn. Et gesäit een ni, wat d'Zukunft bréngt. Mee dat hei ass awer op jidder Fall e Projet, deen ech awer spieren, deen och wann natierlech Froe sinn an natierlech och d'Regierung erausgefuerdert gëtt, wéi dat och normal ass vun der Oppositioun, spieren ech awer, dass dat awer schonn e Projet ass hannert deem d'Parteie stinn."

Domat huet d’Presidentin vun der Chamberkommissioun fir Mobilitéit an ëffentlech Bauten op de gréngen Deputéierte Meris Sehovic reagéiert. Deen hat sech am 100,7 Interview besuergt gewisen, datt d’ Finanzéierungsgesetz fir d’Streck tëscht Féiz a Bieles eventuell net gestëmmt géif ginn, falls d’Situatioun vun de Staatsfinanzen sech verschlechtert.

Lauschtert de ganzen Interview mat der Corinne Cahen hei