Gréng Luucht fir den Ausbau vum Stater Tram vun der Stäreplaz bis bei den CHL un der Grenz zu Stroossen: D’Chamber huet eestëmmeg fir de Finanzement vum Projet gestëmmt. Am Fréijoer 2029 sollen d’Bauaarbechten ufänken, éier déi nei Tramslinn dann am éischten Trimester 2033 soll a Betrib goen.
Statioun Etoile wäert ausgebaut ginn
Op der Streck vun 2,1 Kilometer wäerte véier nei Statioune gebaut ginn. Eng beim geplangte Pôle de Mobilité CHL, eng beim CHL selwer an eng beim neie Wunnquartier Stade beim ale Stadion Josy Barthel.
D’Statioun Etoile gëtt ausgebaut fir déi nei Tramslinn mat där ze verbannen, déi elo schonn iwwer d’Stäreplaz féiert.
Ongerechte Finanzement?
De Piratendeputéierte Marc Goergen fënnt de Finanzement fir de Projet ongerecht, well d’Stad Lëtzebuerg en Deel selwer bezilt.
"Et muss een och kucken, datt dee ganze Projet 171 Milliounen Euro kascht. An net, wéi hei leo ugesot ginn ass, 114. An dat ass eeben dee Punkt, op dat wat mir erauswëllen, datt et eeben hei keng Gerechtegkeet tëschent de Gemengen am Land gëtt. Mir hunn eng Gemeng am Land, déi anescht behandelt gëtt, wéi déi aner Gemengen, an dat ass d'Stad Lëtzebuerg, déi wäert 57 Millioune selwer bei den Tram bäileeën."
Déi geplangte Streck vum séieren Tram bis op Esch gëtt komplett vum Staat bezuelt. Op dem Marc Goergen seng Kritik huet de Süddeputéierte Meris Sehovic vun de Grénge geäntwert, datt d’Stad, anescht wéi Gemengen am Süden, d’Mëttel hätt fir bäizedroen.
Meris Sehovic: Ouni de Staat géing et vill Infrastrukturen net ginn
D'Situatioun wier net vergläichbar. De Südtram wier am nationalen Interêt, seet de Meris Sehovic.
"Dat ass esou deklaréiert gi vun der Ministesch, an dat justifiéiert och, datt een dat aus dem nationale Budget hëlt. Wa mir géifen an d'Logik falen, datt d'Gemengen uechtert d'Land, a grad d'Gemengen am Süden an am Minett misste selwer opkommen, fir déi grouss Infrastrukturen, déi noutwenneg sinn, dann hätte mir e groussen Deel vun deenen Infrastrukturen net."
D’Chamber huet de Projet fir déi nei Tramslinn bis bei den CHL gëschter mat de Stëmme vun alle Parteien ugeholl.
An den Debatte gouf och nach preziséiert, datt déi Linn zu engem spéideren Zäitpunkt soll mam geplangte Park and Ride Ouest zu Märel verbonne ginn.