arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir brauchen den Tram dréngend", seet den Escher Schäffe Meris Sehovic

Mobilitéit

|
reading time

5 min

headphones

14 min

play_arrow

"Mir brauchen den Tram dréngend", seet den Escher Schäffe Meris Sehovic

Huet de "séieren Tram" säin Numm nach verdéngt? Ass den Arrêt Wickreng noutwenneg? An ass den Tram op der Metzeschmelz, wann déi éischt Leit do eraplënneren? Froen iwwer Froen, déi sech och den Escher Schäffe Meris Sehovic stellt, an am 100,7-Interview - zum Deel - beäntwert.

reading time

5 min

headphones

14 min

play_arrow
De Meris Sehovic | © Jo Diseviscourt
De Meris Sehovic (Foto: Jo Diseviscourt)

De séieren Tram, wéi e genannt gëtt, soll vu Bieles bis an d’Stad goen. Zu Esch si ganzer 9 Arrêten ugeduecht, wat ville Leit nach guer net esou bewosst ass.

Zwee Entwécklungspole matenee verbannen

De Meris Sehovic, Escher Schäffen an Deputéierte fir déi gréng, nennt de Projet am 100,7-Interview dowéinst och “Südtram”. Him ass et wichteg ze betounen, datt net just Esch dovu profitéiere wäert, mee déi ganz Regioun.

“Mir wëllen zwee grouss Entwécklungspole vum Land matenee verbannen. A mat Esch ass déi ganz Regioun gemengt, déi duerch e multimodale Korridor op der A4 mat der Stad verbonne gëtt.”

Aktuell géing ee sech nach an der Phas vum Avant-Projet Sommaire (APS) befannen, erkläert de Meris Sehovic. Et huet een also eng graff Iddi vum Tracé vum Stadion laanscht d’Autobunn bis op Esch.

"Den Enjeu ass grouss"

Den nächste Schrëtt ass et an d’Detailplanung ze goen an den definitiven Tracé ze bestëmmen.

Den Tram wäert e groussen Impakt op Esch an Ëmgéigend hunn. Do ass sech de gréngen Deputéierte sécher.

“Mir kënnen den Tram net am loftleere Raum kucken. Et wäert déi ganz Organisatioun vum ëffentlechen Transport am Süden impaktéieren. Och Buslinnen, déi als Zoubrénger sollen déngen. Mir musse Gas ginn, well den Enjeu ass grouss, a mir brauchen den Tram dréngend.”

Angscht ëm d'Deelstéck hanner Féiz?

E weidert Deelstéck soll hanner Féiz gebaut ginn. Ob dat awer wierklech geschéie wäert, steet nach an de Stären.

An der leschter Kommissiounssëtzung, wou de séieren Tram beschwat gouf, ass gesot ginn, datt d’Finanzéierung vun deem Deelstéck eréischt an der nächster Legislaturperiod komme soll.

De Meris Sehovic bleift awer optimistesch.

“Den Tram ass entre temps eng Succes story a mir hunn e grousse gesellschaftleche Konsens, datt mir e brauchen. D’Leit hunn eng Erwaardungshaltung a freeë sech op den Tram. Et gëtt also schwiereg fir d’Politik et net ze maachen.”

Seng Angscht ass éischter déi, datt ee sech net genuch Prioritéite gëtt, déi de Finanzement garantéieren, an um Enn vum Dag net genuch Sue fir de Finanzement do sinn. “Dat gëllt et ze verhënneren”, seet de Meris Sehovic.

“Zënter 2020 schwätze mir schonn driwwer. Och den Timing war deemools genannt. Dee war méi ambitiéis wéi haut. A firwat esou op e Finanzéierungsgesetz insistéieren? (...) Do virdrun hu mir keng Garantie, datt eppes kënnt. Alles, wat mir gesinn, si Billercher a Renderings.”

Metzeschmelz: Kënnt et zu enger "mëttelgrousser" Katastroph

Vum Tram ofhängeg ass och de Wunnquartier-Projet Metzeschmelz. Dee gëtt vum Staat, der Stad Esch an der Gora zesummen entwéckelt.

Bis 2032 sollen déi éischt Awunner:innen do an hir Wunnenge plënnere kënnen. “Et wier gutt, wann den Tram da schonn do wier”, vermierkt den Escher Schäffen.

“Wann da keen Tram do ass, dann hu mir eng mëttelgrouss Katastroph. De Quartier gouf mam Tram am Kapp geplangt. A mir hu mëttelgrouss Retarden am Planning elo schonn.”

De fréieren Transportminister François Bausch hat senger Zäit annoncéiert, den Tram géing bis 2028 op Leideleng fueren, a vun do aus géing am Zweejoresrythmus d’Streck ausgebaut ginn.

Elo solle Leideleng an Féiz eréischt Enn 2031 ugefuer ginn. A fir da bis 2032 den Tracé op d’Metzeschmelz fäerdeg ze hunn, dat schéngt dem Meris Sehovic net realistesch ze sinn.

De séieren Tram verdéngt säin Numm

Verdéngt de séieren Tram awer iwwerhaapt nach säin Numm? Dem Meris Sehovic no: Jo. Schliisslech wier d’Duerchschnëttsvitess méi wéi duebel esou héich wéi vun engem Tram, deen an der Stad fiert. Do läit d’Moyenne bei 20 Km/h.

Datt déi vill Arrêten den Tram méi lues maache loossen, dat Argument léisst den Escher Schäffen net gëllen, well Esch déi Arrêten all bräicht.

“Esch an de ganzen urbane Süden ass e Raum, dee sech immens séier entwéckelt. 550.000 Deplacement ginn hei pro Dag gemaach. Previsioune weisen eis, datt et an 10 Joer bis zu 800.000 kënne sinn. (...) Et gi Leit, déi laang mussen am Stau stoen. Den Tram, zesumme mat Bus an Zuch, sollen d’Offer méi attraktiv maachen.”

"Arrêt GridX": Meris Sehovic kann domat liewen

An der Kritik steet och den Arrêt zu Wickreng, nieft dem Centre commerical GridX. Verschidde béis Zonge behaapten, dësen Arrêt wier just e Kaddo fir de Promoteur vun deem Projet, den Här Giorgetti.

Dës Diskussioun gesäit de Meris Sehovic méi geloossen. Hien erkläert, datt déi puer 100 Awunner:innen op Wickrenger Säit keen Arrêt justifiéieren. D’Regierung géing awer dovun ausgoen, datt de Centre commerical vill méi Leit unzitt. Mat där Argumentatioun kéint hie liewen, seet den Deputéierten.

Den Arrêt gëtt allerdéngs eng deier Affär, well den Tracé ënner d’Autobunn an nees zeréck muss geleet ginn.

Datt sech de Promoteur selwer un de Käschte vum Arrêt bedeelegt, dat steet wuel ausser Fro, och wann et am Ausland duerchaus üblech ass, wéi de Meris Sehovic betount.

déi gréng: "Taktesch Verännerung" am Escher Schäfferot

Hie perséinlech wäert dann am Hierscht säi Schäffeposten opginn an nees zeréck an de Gemengerot wiesselen. D’Mandy Ragni réckelt fir hien an de Schäfferot no.

De Meris Sehovic weist sech houfreg iwwer déi lescht dräi Joer a betount, datt een zu Esch “eng super Ekipp” hätt. Et wier allerdéngs Zäit, e puer “taktesch Verännerungen” ze huelen.

play_arrow Lauschteren