De Paul Thiltges, deen d’Film-Produktiouns- an Distributiouns-Firma 1993 gegrënnt hat, hofft awer, déi Faillite nach ofwenden ze kënnen.
Paul Thiltges: Problemer hu mat Liquidatioun vu Fortuna Bank ugefaangen
Op Nofro hi sot de Paul Thiltges eis, PTD géif aktuell op ronn 1,7 Milliounen Euro waarden : Fälleg Rechnungen, déi net bezuelt gi sinn oder aner Paiementer, déi nach géingen opstoen.
D’Schwieregkeete vu senger Firma, esou de Paul Thiltges, hätten am Oktober 2023, mat der Liquidatioun vun der Fortuna Bank, ugefaang. Bei där Bank hätt PTD Sue fir sechs Projete geléint gehat, déi dunn onerwaart kuerzfristeg hätte missen zréckbezuelt ginn.