arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Fussball-WM 2026: Esou ëmweltschiedlech wéi nach ni

Fussball-WM 2026

|
reading time

3 min

headphones

6 min

play_arrow

D'Fussball-WM 2026: Esou ëmweltschiedlech wéi nach ni

D'Fussball-WM an den USA, Kanada a Mexiko steet vill an der Kritik. Sief et wéinst der US-amerikanescher Awanderungspolitik, déi Supporter:innen oder wéi leschtens engem Arbitter Problemer bereeden, oder d'Sécherheetslag a Mexiko wéinst de Karteller. Ee Volet gëtt dobäi dacks vergiess: D'Ëmwelt.

reading time

3 min

headphones

6 min

play_arrow
© picture alliance / Photoshot
(Foto: picture alliance / Photoshot)

Verschidden Organisatioune beschreiwen d’WM 2026 elo schonn als déi klimaschiedlechst, déi et jee gouf. Der brittescher ONG New Weather Institute hire Berechnungen no kéinte bei dëser Weltmeeschterschaft ca. 9 Milliounen Tonnen CO2 ausgestouss ginn. Dat wier den Equivalent, wéi wa 6,5 Milliounen duerchschnëttlech Verbrennerautoen a Groussbritannie wärend engem Joer Non-Stopp ronderëm fuere géifen.

Wäit Weeër kee Wonner

Déi wäit Weeër sinn awer kee Wonner, wann een op d’Organisateure kuckt. Mat Kanada, Mexiko an den USA huet een dräi riseg Staaten, an deenen d’WM ausgeriicht gëtt. Do kommen och Strapazen op d’Spiller duer. D’Nationalekipp vu Bosnie muss beispillsweis no hirem éischte Match zu Toronto ganzer 4.000 Kilometer op Los Angeles fir hiren zweete Gruppematch reesen.

Méi Ekippen, méi Matcher, méi Reesen

Datt dës WM besonnesch klimaschiedlech wäert sinn ass kee Wonner, wann een op d’Unzuel vun den Ekippe kuckt. Amplaz 48 Ekippe wéi soss, maachen der dës Kéier nämlech 64 mat. Dat ginn dann och bedeitend méi Matcher. Dat bedeit dann och méi Reesen, meeschtens mam Fliger an allgemeng méi e grousse Logistikopwand, wat fir méi Zäregasemissioune suergt.

Déi bosnesch Nationalekipp muss sech bei der WM 2026 op wäit Reesen astellen | © EPA/NIDAL SALJIC
Déi bosnesch Nationalekipp muss sech bei der WM 2026 op wäit Reesen astellen (Foto: EPA/NIDAL SALJIC)

Eng FIFA, déi op gréng mécht

D’FIFA ass an éischter Linn de Weltfussballverband. An awer huet si sech och op d’Kap geschriwwen eppes géint de Klimawiessel ze maachen. De Fussball wier op eng gesond Ëmwelt ugewisen, esou d’FIFA an hirer Klimastrategie. An där Strategie steet och zum Beispill dat heiten Zil:

"E Reduktiounsplang entwéckelen a wëssenschaftlech fundéiert järlech Ziler definéieren, déi am Aklang mam Paräisser Klimaofkommes stinn (...) Netto-Null Zäregasemissioune bis 2040 erreechen an eng Reduktioun vu 50 Prozent bis 2030 an der FIFA hiren Emissioun-Hot-Spots: Geschäftsreesen, Logistik an Hebergementer."

Fir d’WM 2022 am Katar hat d’FIFA dunn och grouss ugekënnegt, datt dëst deen éischte klimaneutralen Tournoi géif ginn. Eng Annonce, déi en däitscht Geriicht gekippt huet. Den däitsche Verbraucherschutz huet nämlech géint dës Reklamme geklot a krut virum Berliner Landesgeriicht Recht.

Hei wier nämlech Greenwashing bedriwwe ginn an d’FIFA dierft op hirer däitscher Websäit esou Formuléierungen am Zesummenhang mat der WM am Katar net méi benotzen.

Klimastrategie an Handele bäisse sech bei der FIFA

D’Klimastrategie vun der FIFA wierkt, wéi wann d’Associatioun et géif eescht mengen, wat d’Bekämpfe vum Klimawandel ugeet. D’Realitéit ass awer a groussen Deeler eng aner. Partner vun der FIFA an Haaptsponsor vun dëser Weltmeeschterschaft ass de saudi-arabeschen Ueleg- a Gaskonzern Aramco. Deen ass och dofir bekannt mat schiedleche Chemikalien ze schaffen, fir seng Produktioun méi effektiv ze gestalten. Dat steet eigentlech am Widdersproch vun der FIFA hirem Sustainable-Sourcing-Code.

"Betriber mussen d'national Gesetzgebung, d'Gesetzer an d'Reglementer betreffend d'Produktioun, d'Notzen an d'Entsuergung vu Chemikalië strikt respektéieren an d'Benotze vu Chemikalien, déi schiedlech fir d'mënschlech Gesondheet an d'Ëmwelt sinn, evitéieren oder duerch alternativ Substanzen ersetzen."

© EPA/ALI HAIDER
(Foto: EPA/ALI HAIDER)

Et gesäit net no engem "manner" aus

Et wierkt net esou, wéi wann d’FIFA hir Routinne fir de Klimawandel ännere wéilt. 2030 ass d’WM nämlech op dräi Kontinenter (Afrika, Südamerika, Europa) an a sechs Länner (Marokko, Spuenien, Portugal, Argentinien, Paraguay an Uruguay). An och elo scho ginn et Iddie bei deenen nächste Weltmeeschterschaften nach méi Ekippen zouzeloossen.

 

play_arrow Lauschteren