Radioen

On air

Concert  |  Indian Summer

play_arrow Live
arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ D'Kulturfabrik feiert 40+1 Joer

Kee ronne Gebuertsdag, trotzdeem eng fett Party

D'Kulturfabrik feiert 40+1 Joer

D’Kulturfabrik feiert 41 Joer. Et ass kee ronne Gebuertsdag, trotzdeem gëtt d’Feier ganz grouss opgezunn: Et gëtt een Hommage un d’Vergaangenheet vun der Kufa, eng Festegung vun hirer aktueller Roll an der Lëtzebuerger Kulturzeen, an et gëtt ee Bléck an d’Zukunft gewot. D’Fiesta zitt sech duerch den Oktober an de November.

auto_stories

4 min

headphones

6 min

play_arrow
La Bande Passante (work in progress) (Foto: Nicolas Calmes)

Firwat kee ronne Gebuertsdag?

Well d’Ekipp d’lescht Joer nach ze vill mat Esch 2022 beschäftegt war. Ursprénglech gouf geplangt, d’véierzeg Joer 2021 ze feieren. Da géing sech de Gebuertsdag op dat éischt Theaterstéck bezéien, dat do gespillt gouf. Dat war "Konzert zum heiligen Ovid", 1981. Deemools hat ee motivéierte Proff vum LGE seng Schüler en scène gesat.

2021 waren awer d’Ausnamezoustänn vun der Pandemie. Also gëtt vum Joer vum der Grënnung vun der Kulturfabrik u gezielt. Dat war 1983. Dobäi ass net ze vergiessen, datt d’Kulturfabrik fréier ee Schluechthaus war, dat an de 1930er gebaut gouf.

Och Spuere vu virun 100 Joer sinn ze entdecken

D’Ekipp vun der Kufa huet avancéiert Recherchen duerch hir wäitgoend Archive gemaach a preparéiert eng Ausstellung vu La Bande Passante a motivéiert Zivilpersounen am Groe Lino Sall. Hei gi bal 100 Joer bildlech zesummegefaasst.

D’Resultat: Eng Aart Klappbuch-Collage vu bis. Vu Fotoe vum Schluechthaus iwwert DIY-Concertposter bis Zeitungsartikelausschnëtter gëtt hei alles ganz flott zesummegefaasst, an d’”Säite” vum “Klappbuch” sinn dräi laang Dëscher. A vill vun de Leit, déi een op de Fotoe ka gesinn, vill vun de Politiker, Dramaturgen, Kënschtler a Raten, déi deemools eng Roll gespillt haten, goufe perséinlech op d’Inauguratioun invitéiert.

Wie waren d’Raten?

Éier d’Kulturfabrik verstaatlecht gouf, war et ee Squatt an ee politeschen Zentrum fir lénksradikal Iddien a Musek. Déi Leit, déi fréier do gesquatt haten, goufe Rate genannt. Dohier heescht de Ratelach-Café um Site Ratelach. Zu dësem Theema gouf och ee Film produzéiert, eng Dokufiktion vum Eddie van Sue, dee probéiert, d’Geschicht vum Squatt an hire Leit ze zielen, an deem sech op verschidden, deels widderspréchlech Entsteeungsmythe, baséiert gëtt.

"Yes We Squatted" ass am Oktober um Site ze gesinn. Weiderhi preparéiert de Mohammed Hamdi ee Buch iwwert d’Geschicht vun der Kufa, dat 2025 erauskomme soll. Hei fir gëtt mat Interviews vun Zäitzeie geschafft.

D’Aweiungsparty ass de 4. Oktober

Mutiny on the Bounty spillen eng speziell Show mat 12 Choriste vun der INECC. Och weider Concerten si geplangt, ënnert anerem ee Set vum Underground-DJ Twin XXA, dee grad ee Comeback mécht. A, ganz am Esprit vun 1983 an dem alleréischte Stéck an der Kufa, gëtt ee Stéck vun enger Biergerbün virgedroen. Minetter Zivilpersoune hu matkreéiert, vu Refugiéë bis Pensionéierter.

La Bande Passante (work in progress) | © Nicolas Calmes
La Bande Passante (work in progress) (Foto: Nicolas Calmes)

Eng Panoplie u Concerten, Theaterstécker, Filmer an Ausstellungen déi Deeg a Wochen drop

Godspeed!, Black Emperor, Ghostkid a We Need To Find Each Other, ënnert aneren. Freides, den 11. Oktober ginn d’Diere vun de Proufsäll an der Kufa fir de Public opgemaach. Fir de "We Have The Special Keys" Owend spille Lëtzebuergesch Bands: ROME, AFTL, Ice in my Eyes, Cosmogon, Scarred a Rivage.

Den Oktober iwwer sinn och nach Kanneranimatiounen, Karaoke-Owender, Workshops a Liesunge geplangt. Fir d’Liesung organiséiert d’Word in Progress Team den 22. Oktober ee speziellen Owend mat 9 Auteuren, ënnert anerem de Jérôme Quiqueret, d’Florence Sunnen, d’Antia Gretsch, de Samuel Hamen, d’Elise Schmit an den Nico Helminger.

Leschtgenannte liest aus engem Manuskript, dat verluer war a rekonstituéiert gouf. De Problem un der Saach: Hien hat et deemools an enger Fantasiesprooch geschriwwen. Op et him geléngt, d’Wierder vu senger Fantasiesprooch rëmzefannen, dat kënnt Dir dënschdes, den 22. Oktober erausfannen. An hien da wuel och.

D’Ofschlossfeier ass den 2. November

D’Bloody Beetroots spillen eng Mëschung vun Elektro-Punk an House Musek. Och de Kongoleesesche Collectiv Kokoko! wäert Perkussiounsinstrumenter mat Zukunftstéin vermëschen. Allgemeng gëtt bal wuertwiertlech ee Bléck an d’Zukunft gewot. Dem Marc Thein seng Ausstellung am Haff - déi a Workshops mat Volontaire gemaach gouf - spillt mat Luuchten, Fënsteren a Spigelen.

Eng Aart Kierchefënsterspigel kuckt dann och Richtung Metzeschmelz Site, wou an Zukunft bis zu 30.000 Minetter solle wunnen, ouni datt Autoe virun hirer Dier fueren.

All weider Informatiounen iwwer déi 40+1 Joer Dauerbrennerfeier vun der Kulturfabrik sinn op kulturfabrik.lu ze fannen.

Lauschterenplay_arrow