Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi den CNA d'Wierk vum Michel Medinger a lieweger Erënnerung behale wëll

Hanner de Kulisse vum CNA

Wéi den CNA d'Wierk vum Michel Medinger a lieweger Erënnerung behale wëll

Ee Raum voller Geschicht, an deem Konschtwierker fir d’Zukunft gehale ginn. Ënner anerem dat ass de CNA zu Diddeleng. Mee wéi funktionéiert dat eigentlech, wann de risegen Heritage vun engem berüümte Fotograf, wéi dem viru kuerzem verstuerwenen Michel Medinger, un den CNA iwwergi gëtt? De Centre National de l’audiovisuel huet fir eis seng Dieren opgemaach an dem Sophie Schroeder de ganze Prozess gewisen.

auto_stories

4 min

CNA Michel Medinger | © Sophie Schroeder
Foto: Sophie Schroeder

Fir dat, wat de Michel Medinger hannerlooss huet ze versuergen, brauch ee Plaz. Vill Plaz. Et geet ëm 103 Këschte Material. Dofir huet de CNA extra ee Raum fräigemaach, an deem eng Ekipp vu 6 Leit intensiv dru schafft, all eenzelnen Tirage eemol an de Grapp ze huelen, ze kucken ëm wat genee et sech handelt, an dann entspriechend ze sortéieren.

Éischt Phas: Sortéieren

Déi Aarbecht huet net eréischt mam Doud vum Fotograf ugefaang: Schonn zënter Jore schafft de CNA mat der Famill vum Michel Medinger zesummen, fir dat ganzt Wierk ze konservéieren. An där Zäit huet sech scho villes ugesammelt, an elo, nom rezenten Doud vum Kënschtler, huet d’Famill nach eemol eng gutt Partie Material nogeliwwert.

Zil ass et elo an engem éischt Schrëtt ze kucken, wat fir Tiragen de CNA eventuell schonn huet, wat en net huet an dofir behält, a wat zeréck un d’Famill geet. Net alles soll nämlech an d’Archive kommen, erkläert den Direkter vum CNA Gilles Zeimet.

“Well et erhält een de Patrimoine net nëmmen um liewen doduerch, datt een an ëffentlechen Institutioune vertrueden ass, mee och a private Sammlungen.”

Et gëtt vill ze sortéieren am CNA. | © Sophie Schroeder
Et gëtt vill ze sortéieren am CNA. (Foto: Sophie Schroeder)

Eng Éier, mee och eng Verantwortung

Beim Sortéiere vun den Dausende Fotoe géif een de Kënschtler op eng nach méi intim Aart a Weis kenneléieren. Villes vum Material, wat elo virläit, hat de Michel Medinger nämlech bis elo nach ni esou gewisen, wéi d’Archivistin Sandy Dos Santos beschreift.

“Dat sinn all seng Reesen, seng Commanden, déi hien am Ausland gemaach huet, mee dovun huet hie selwer net wierklech vill geschwat. Dovun hate mir 2018 och näischt kaaft. Mee dat ergänzt e bëssen de groussen Iwwerbléck iwwer säi Wierk.”

Och d’Myriam Kraemer vum CNA markéiert virun allem den Abléck hanner d’Kulisse vum Kënschtler sengem ganze Liewen.

“Dat erkläert och e bëssen, wéi hien als Mënsch war, wéi hie geschafft huet. Jiddereen, deen hie kannt huet. Dat spigelt sech jo do dran erëm.”

Fir de CNA wier et eng grouss Éier, mee och eng grouss Verantwortung, den Heritage vun esou engem grousse Lëtzebuerger Kënschtler an d’Hänn geluecht ze kréien, erkläert de Gilles Zeimet.

“Mir si geéiert, datt mir d’Vertrauen hunn, vun de Kënschtler selwer oder vun hiren Nokommen, fir datt si dat an eis Ophutt ginn, mat deem Optrag, datt dat och no hirem Doud nach lieweg bleift. Sief dat duerch eng Sammlungsplattorm, un där mir amgaange sinn ze schaffen, fir déi Saachen och online accessibel ze maachen, oder sief et duerch Ausstellungen, national an international.”

A ronn 4 Woche wier ee mam graffe Sortéiere fäerdeg. Parallel gëtt scho mat der Dokumentatioun an der Digitalisatioun vun de Fotoen ugefaang, fir een Inventaire unzeleeën. 

E cibléiert Virgoen

Den nächste Schrëtt ass dann d’Archivéieren. D’Fotoen, déi zeréckbehale ginn, musse kal an dréche gelagert ginn. An de spezielle Raim suergt eng Klimaanlag dofir, datt et do ëmmer tëschent 16 an 18 Grad sinn. Faarweg Fotoe sollte souguer nach méi kal gelagert ginn. Dës Konditioune si wichteg, fir datt d’Qualitéit vun de Faarwen erhale bleift. Konkret geet et drëms, den Alterungsprozess, bei deem d’Faarwe lues a lues verblatzen, sou gutt et geet ze bremsen.

“Well d’Luucht dozou bäidréit, datt déi chemesch Prozesser, déi awer weiderginn an der Foto, acceleréiert ginn. A wann et awer elo an dëse kale Konditioune gelagert gëtt, an normalerweis och am Däischteren, da sinn déi Prozesser esou lues wéi et nëmme geet.”

Nieft der spezieller Lagerung ass och einfach déi riseg Quantitéit vum Ierwen eng Erausfuerderung: An den Archive vum CNA gëtt et nämlech net méi allze vill Plaz, seet den Direkter.

“Dat ass ee vun de Grënn och, datt mir och ëmmer méi cibléiert musse virgoen, wat mir ophuelen, well mir einfach déi Plaz net méi sou fräi hunn.”

© Sophie Schroeder
(Foto: Sophie Schroeder)

Sech un nei Generatioune riichten

Fir den Hierscht dëst Joer plangt de Centre National de l’audiovisuel eng gréisser Expo vum Michel Medinger sengem Liewenswierk. Bei där soll et ëm vill méi goen, wéi just dem Presentéieren a Weise vun de ganze Fotoen: De CNA wéilt d’Konscht an d’Geschichten, déi derhannert stiechen, och fir déi nei Generatiounen accessibel maachen.

“Datt mir wierklech e Message an eng Geschicht hannendrun kënne vermëttelen. An ech mengen, dofir muss een e bëssen den Drang hunn, dat ze erfuerschen an un der Geschicht ze schaffen.”

Op déi Manéier soll d’Wierk vum verstuerwene Fotograf a lieweger Erënnerung bleiwen.