Déi Kriminell géifen esou probéieren perséinlech Informatiounen oder Bankdaten ze kréien, oder d‘Affer dozou ze bréngen, Suen ze iwwerweisen.
D‘Police betount: Weder d‘Police nach d‘Justiz géife esou Appeler maachen. Hei géifen déi Kriminell awer och de sougenannte „Call ID Spoofing“ asetzen – doduerch gesäit et esou aus, wéi wann den Appel vun enger Lëtzebuerger oder offizieller Nummer kënnt.
Police gëtt Rotschléi
Fir net drop eran ze fale gëtt d‘Police dës Rotschléi:
- Et soll et ni perséinlech Informatiounen oder Daten un Onbekannter ginn,
- Et soll et mësstrausesch sinn,wan een zu enger séierer Reaktioun opgefuerdert gëtt,
- Am Zweifelsfall sollt een bei der Police oder enger anerer Administratioune uruffen fir nozefroen
- Et sollt een direkt ankänken, an och net zeréckruffen
D‘Police freet d‘Leit och, si solle besonnesch eelere Matbierger an hirem Ëmfeld iwwert dëse Bedruch Bescheed soen.