U Bord vun där Boeing waren 239 Mënschen, wéi de Fliger den 8. Mäerz 2014 vun de Radare verschwonne war. Et ass bis haut ee vun de gréisste Mysterien an der Aviatiounsgeschicht.
Trotz sëllege Sich-Operatiounen, deene gréissten déi et jee gouf, ass de Fliger ni erëmfonnt ginn.
Elo ass eng privat Firma amgaangen nom Fliger ze sichen. De Kontrakt mat der Firma soll elo bis Juni d‘nächst Joer verlängert ginn. D‘Firma kritt 70 Milliounen Dollar, wa se d‘Maschinn fënnt. Wann net, da gëtt se net bezuelt.