arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Läich vu 17 Joer alem Meedchen an enger Wallis fonnt - Australier wéinst Mord ugeklot

Thailand

|
reading time

1 min

Läich vu 17 Joer alem Meedchen an enger Wallis fonnt - Australier wéinst Mord ugeklot

An Thailand gouf een Australier wéinst virsätzlechem Mord ugeklot nodeems d‘Läich vun engem 17-Joer alen thailännesche Meedchen an enger Wallis fonnt gouf. Dat mellt d‘Police. De 45 Joer alen Australier gouf gëschter Owend um Flughafen zu Bangkok festgeholl, wéi en an Australie wollt fléien.

reading time

1 min

© EPA/AMPORN SANGKAEW
(Foto: EPA/AMPORN SANGKAEW)

Iwwerwaachungsbiller géifen de Mann weisen, wéi e mam Meedchen an eng Villa eragaangen ass an den Dag selwer Owes mat enger grousser Wallis erëm erauskomm wier. D‘Läich soll Zeeche vu Gewalt hunn.

De Mann streit d‘Virwërf all of. Hie riskéiert liewenslängleche Prisong oder d‘Doudesstrof.