arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Weidert Äerdbiewen a Venezuela: Iwwer 1.400 Doudeger, 50.000 Vermësster

Südamerika

|
reading time

1 min

Weidert Äerdbiewen a Venezuela: Iwwer 1.400 Doudeger, 50.000 Vermësster

No den zwéi schwéieren Äerdbiewen a Venezuela geet d'Sich no Iwwerliewende weider. D'Zuel vun den Doudegen ass op 1.430 geklommen, wärend der UNO no, nach ëmmer 50.000 Mënsche vermësst ginn.

reading time

1 min

Sich- a Rettungsaktioun no Äerdbiewen a Venezuela | © EPA/RONALD PENA R
Sich- a Rettungsaktioun no Äerdbiewen a Venezuela (Foto: EPA/RONALD PENA R)

A Venezuela gouf et hënt nees ee Biewe vun der Stäerkt 4,5. Viru véier Deeg gouf et zwee ganz schro Biewen. Am Venezuela gëtt weider no Iwwerliewende gesicht. Gëschter gouf nach een eelef Joer ale Bouf lieweg aus den Trümmer erausgeholl.

Bilan klëmmt weider

D’Zuel vun den Doudeger ass nach eng Kéier geklommen. Den Autoritéiten no, läit de Bilan bei 1.430 Doudeger an iwwer 3.200 Blesséierter.

Allerdéngs ginn et a Venezuela nach 50.000 Vermësster, huet d’UNO an engem Communiqué matgedeelt. De Bilan wäert deemno nach no uewe revidéiert ginn.

Humanitär Hëllef kënnt un

Gëschter si weider humanitär Fligeren aus den USA zu Caracas gelant, wou de Flughafen zum Deel nees op ass.

Mee d’Biewen huet ganz vill Schued gemaach, an d’Leit probéiere mat eegene Moyenen no Iwwerliewender ze sichen.