arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Vera Bertemes-Hoffmann zitt e Schlussstréch ënner hir international Karriär

Liichtathleetik

|
reading time

2 min

D'Vera Bertemes-Hoffmann zitt e Schlussstréch ënner hir international Karriär

D’Vera Bertemes-Hoffmann bréngt hir international Karriär op en Enn. Dat deelt d’Liichtathleetikfederatioun haut an engem Communiqué mat. D’Mëttelstreckeleeferin huet ënner anerem 2024 un den Olympesche Spiller deelgeholl an hält eng Rei national Rekorder.

reading time

2 min

D'Vera Bertemes-Hoffmann kann zefridden op hir international Karriär zeréckkucken. | © picture alliance / BEAUTIFUL SPORTS | BEAUTIFUL SPORTS/Leah Kohring
D'Vera Bertemes-Hoffmann kann zefridden op hir international Karriär zeréckkucken. (Foto: picture alliance / BEAUTIFUL SPORTS | BEAUTIFUL SPORTS/Leah Kohring)

Déi 29 Joer al Vera Bertemes-Hoffmann huet an de leschte Joren d’Lëtzebuerger Faarwe méi wéi eemol op der internationaler Bün vertrueden.

Medailen op internationalem Niveau a Paräis 2024

Zu hire Succèsen zielen ënner anerem jee eng Gold- a Sëlwermedail op de Spiller vun de klenge Länner am Joer 2019. Dat op 1.500, respektiv 800 Meter. 2025 konnt si nees Gold iwwer 1.500 gewannen. Dat an Andorra.

2021 konnt si bei de World University Games zu Chengdu a China och Sëlwer iwwer 1.500 Meter gewannen.

Héichpunkt vun der internationaler Karriär war fir d’Leeferin aus dem Celtic Dikrech sécherlech d’Participatioun un den Olympesche Spiller 2024. Do huet si et bis an de Repêchage gepackt.

D'Vera Bertemes-Hoffmann op der Liichtathletik-EM zu Birmingham | © EPA/ADAM VAUGHAN
D'Vera Bertemes-Hoffmann op der Liichtathletik-EM zu Birmingham (Foto: EPA/ADAM VAUGHAN)

Entscheedung scho viru Méint gefall

D’Vera Bertemes-Hoffmann schwätzt am FLA-Communiqué vun enger Decisioun, déi schonn zënter Ufank vum Joer festgestanen huet. Si huet d’Entscheedung awer nach länger Zäit fir sech gehal.

“J’ai toutefois choisi de ne partager cette décision qu’avec mon entourage proche, car je souhaitais vivre ce processus avant tout pour moi-même, tout en continuant à performer au plus haut niveau. Je pense que, sinon, tout aurait été beaucoup plus émotionnel pour moi et que cela aurait peut-être affecté ma capacité à réaliser de bonnes performances.”

Sport um allerhéchsten Niveau ze bedreiwe géing vill vun engem Athleet verlaangen, esou d’Leeferin. Deen Investment ass fir si awer ëmmer méi schwéier ginn.

Weiderhin um nationalen Niveau aktiv

Mat hirem ganz rezenten nationale Rekord iwwer 5 Kilometer (15:46 Minutten), dee si de 27. September op der Route du Vin opstelle konnt, kéint si hir Karriär op enger positiver Nott op en Enn bréngen.

Hire leschte groussen Optrëtt op internationalem Niveau war d’Liichtathletik-EM zu Birmingham. Do haten Häerzfrequenzproblemer d’Erreeche vu gudde Resultater awer verhënnert.

D’Vera Bertemes-Hoffmann betount, weider op nationalem Niveau aktiv wëllen ze sinn.