D'Lëtzebuerger Häre konnten domat hir gutt Leeschtung bei der 2:1 Victoire leschte Samschdeg a Bulgarien net confirméieren.
D’Ekipp vum Nationaltrainer Jeff Strasser hat gutt an de Match fonnt a war an der éischter Véierelstonn déi liicht iwwerleeën Ekipp. Mat der éischter richteger Golchance vum Match sinn d’Islänner dunn awer a Féierung gaangen.
Ouni Kapitän gouf et Schwieregkeeten
Den Andri Gudjohnsen war eleng virum Lëtzebuerger Golkipp Anthony Moris äiskal bliwwen. Pech war fir d’Lëtzebuerger, datt de Kapitän Laurent Jans sech bei dëser Aktioun ouni Awierkung vun engem Géigespiller blesséiert huet an ausgewiesselt huet musse ginn.
E battere Moment fir d’Rout Léiwen, erkläert den Trainer Jeff Strasser nom Match.
"Ça nous a mis un coup au moral, et puis c'est à ce moment-là que c'est peut-être difficile pour des joueurs un peu plus jeunes de relever la tête rapidement, et jusqu'à la mi-temps, on a eu pas mal de difficultés."
Islänner wuel verdéngt gewonnen
Mat engem zweete Konter konnten d’Islänner nach virun der Paus op 2:0 stellen. Dës Kéier war et den Orri Oskarsson, deen eleng virum Gol war. An enger zweeter Hallschent ouni vill Golchancen ass dunn nach den 3:0 fir Island no Korner gefall.
De Fazit kuerz nom Match vum Kapitän Laurent Jans:
"Et ass schwéier, elo esou fréi nom Match. Et ass mat Sécherheet eng ganz grouss Enttäuschung. Et muss een einfach soen, datt d'Islänner haut verdéngt gewonn hunn an datt si et deelweis och gutt gemaach hunn."
Lëtzebuerg steet no zwee gespillte Matcher mat 3 Punkten op der 2. Plaz vun hirem Grupp. E Samschdeg geet et fir d’Rout Léiwen an Estland weider. Déi hunn iwwerdeems 0:0 géint Bulgarie gespillt.