Radioen

On air

Notturno  |  Ben Stidworthy - Bitter Melon - Cola

play_arrow Live
search

/ Däitsch Bundesregierung decidéiert neie Mesurëpak

No Attack zu Solingen

Däitsch Bundesregierung decidéiert neie Mesurëpak

Déi déidlech Messerattack vu Solingen kritt elo politesch Konsequenzen: D‘Bundesregierung huet en neie Mesurëpak decidéiert. D‘Messerverbuet a Mesurë fir Asyldemandeure gi verschäerft.

auto_stories

1 min

Messer | © picture alliance / CHROMORANGE | Udo Herrmann
Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Udo Herrmann

An de Bussen an Zich solle Messere ganz verbuede ginn, d‘Konditioune fir e Waffeschäin ze kréie solle méi streng ginn. 

Eng weider Mesure ass, dass verschidden Asyldemandeure sozial Hëllefe gestrach kréien. Dat soll fir sougenannten Dublin-Flüchtinge gëllen. Ausserdeem soll et och méi einfach ginn, deboutéiert Asyldemandeuren z‘expulséieren.

Schonn d‘lescht Woch hat d‘Bundesregierung ugefaangen, e Mesurëpak als Reaktioun op d‘Attack zesummenzestellen. De presuméierten Täter, dee leschte Freideg, 3 Mënschen erstach an 8 weiderer blesséiert huet, ass ee 26 Joer ale Syrer, deen d‘lescht Joer eigentlech hätt missten a Bulgarien expulséiert ginn, wat awer gescheitert war.