Am Hären-Handball huet Esch gëschter Owend d’Coupefinall fir sech entscheet. An der Coque waren déi Escher an der Finall knapp 28:27 géint de Favorit Diddeleng iwwerleeën. Den Escher Luca Tomassini war no der Partie houfreg op seng Ekipp.
"Ech muss soen, Felicitatioun, all Respekt u meng Ekipp. Et gesäit een einfach, mir hunn net méi déi Staren, wéi dat mol an der Zäit war, mir kommen iwwert d'Kollektiv, an ech mengen, dat ass eis Stäerkt."
Hien wier stolz, datt seng Ekipp Gëschter mat engem Gol méi géint Diddeleng gewonnen hunn, esou Escher Luca Tomassini.
"Ech mengen, dat war haut e wichtege Facteur, datt mer cool bliwwe sinn, an och an deene Momenter, wou et mol méi schwéier war, datt mer do, jo, de Sang froid gehalen hunn an dat bis zum Schluss iwwert d'Bün bruecht hunn."
Et wier een iwwer d'Kollektiv komm. Et wier ëmmer en Aneren un der Rei, an et wier wichteg, datt jiddereen ëmmer 100 Prozent gëtt fir dann eeben esou d'Matcher wéi dee Gëschter ze gewannen, mengt nach den 29 Joer ale Spiller.
Haut um Sonndegowend ass an der Coque dann nach d’Coupefinall bei den Dammen tëschent Käerjeng an Déifferdeng.
An am Dammen-Basket huet sech Konter gëschter Owend fir d’Finall vum Championnat qualifizéiert. Duerch d’Victoire zu Bartreng steet Konter elo an der Finall géint Diddeleng