De Poopst hätt d‘Operatioun gutt iwwerstanen a si wier ouni Komplikatioune verlaf. Hie soll sech elo eng Woch laang an der Klinik erhuelen. Ob de Kriibs sech weider ausgebreet huet, ass nach onkloer. Et gi weider Analyse gemaach.
Och säi Brudder huet Longekriibs
Um Sonndeg hat de Poopst bei enger Mass virun Zéngdausende Gleewegen ëffentlech gemaach, datt bei enger Routine-Ënnersichung ee Knuet a senger Long fonnt gouf. Et wier awer nach an engem ganz fréie Stadium, esou de Chef vun der kathoulescher Kierch.
Och dem Poopst säi 74 Joer ale Brudder soll ënner Longekriibs leiden. Deen hätt 2017 eng Diagnos kritt, esou seng Fra. D'lescht Woch soll de Poopst scho mat sengem Brudder telefonéiert hunn. Fir béid soll elo gebiet ginn, esou d'Fra.