Radioen

On air

Moiesstudio  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gilles Roth: Defizit beim Zentralstaat läit nach bei geschate 400 Milliounen Euro

Amplaz virausgesoten 3,6 Milliarden Euro

Gilles Roth: Defizit beim Zentralstaat läit nach bei geschate 400 Milliounen Euro

Déi finanziell Situatioun vum Staat ass haut méi positiv, wéi se nach beim Untrëtt vun der CSV-DP-Regierung war. Dat huet de Finanzminister Gilles Roth um Dënschdeg festgestallt, no senger Presentatioun vun neien Zuelen an den zoustännege Chamberkommissiounen.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow

D’Leit wieren ëm 480 Milliounen Euro entlaascht ginn, an trotzdeem géif den Defizit beim Zentralstaat fir d’Joer 2024 just nach bei geschate 400 Milliounen Euro leien, esou den CSV-Minister. 

De Gilles Roth erënnert drun, datt bei de Koalitiounsverhandlunge viru 15 Méint zu Senneng, nach een Defizit vun 3,6 Milliarden Euro fir 2024 virausgesot gi war.

"Et ass weiderhi Virsiicht gebueden, well ech weess net, ob déi Einnamen, besonnesch bei de Betriber, déi mer déi leschte Méint kruten, ob déi weider esou wäerte fléissen."

Lauschterenplay_arrow

Déi aktuell Finanzsituatioun géif awer Spillraum bidde fir mat der Relance-Politik virun ze fueren, esou de Finanzminister Gilles Roth. D’Staats-Recettë louchen Enn 2024 ëm bal 13 Prozent méi héich, wéi Enn 2023. Bei den Depensë war et eng Progressioun vun néng Prozent, huet de Finanzministère de Moie matgedeelt.

déi gréng: Vu "schlecht" op "net grad esou schlecht"

De Gilles Roth huet als dorun erënnert, datt bei de Koalitiounsverhandlunge viru 15 Méint, nach een Defizit vun 3,6 Milliarden Euro fir 2024 virausgesot gi war. Den LSAP-Deputéierte Franz Fayot huet haut um Dënschdeg awer kritiséiert, datt dëse Chiffer extrem wäit vun der Realitéit ewech war, an net kéint erkläert ginn.

"Ech hunn dat haut nach eng Kéier opgeworf an der Diskussioun mam Minister. Bon, do gëtt da geschwat vun enger positiver Psychologie, déi elo kënnt a Signaler fir d'Wirtschaft an esou weider, a vun der Loi des grands nombres, déi net do wier, dem Statec seng Chifferen, déi net ganz adequat wieren. Mee et kann awer net erkläert ginn. An ech mengen, dat ass e Problem, dass mir all Kéiers bei der Formatioun vu Regierungen esou e schwaarz Bild da gezeechent kréien."

Wann een eng responsabel Budgetspolitik wëllt maachen, da si besser Previsiounen néideg, esou och de gréngen Deputéierte Meris Sehovic: Dat wier ee vun de grousse Chantiere vum Finanzminister.

"Wann ee mat ganz schlechte Previsioune start, dann ass ee forcement zefridden, wann d'Previsiounen net grad esou schlecht sinn, wéi se gemaach gi sinn."

Gilles Roth nennt och "Onsécherheetsfacteuren”

De Minister Gilles Roth huet dorop reagéiert, datt den Defizit fir 2024 elo ronn zéng Mol manner héich soll ausfalen, wéi et bei de Koalitiounsverhandlunge virausgesot gi war. Hien huet drun erënnert. datt deemools zu Senneng déi nei Regierung nach net am Amt war.

"Ech wousst emol net à ce stade, dass ech deemools géif Finanzminister genannt ginn. Déi Zuelen, déi sinn eenzeg an eleng opgestallt gi vun de Verwaltungen ënnert där fréierer Regierung. An dat si Fakten, déi ware jo och an der Press, déi waren am Public bekannt, an ech muss mech par rapport zu deenen definéieren."

Wat d’Perspektive bei den Depensë fir dëst Joer uginn, huet de Minister vun “Onsécherheetsfacteure” geschwat: Dozou géifen eventuell zousätzlech Militärausgabe gehéieren, mee och d’Resultat vun de Gehälterverhandlungen am ëffentlechen Déngscht.

Lauschterenplay_arrow