Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Commerce wëll eng komplett Liberaliséierung vun den Ëffnungszäiten

Gesetzesprojet fir Ëffnungszäiten

Lëtzebuerger Commerce wëll eng komplett Liberaliséierung vun den Ëffnungszäiten

D‘Luxembourg Confederation, den Daachverband vum Lëtzebuerger Commerce, begréisst de Gesetzesprojet fir déi nei Ouverturesregelen. Si géifen zu enger Moderniséierung vun der lokaler Geschäftswelt bäidroen.

auto_stories

1 min

© Bigstock / malija

Déi Ëffnungszäite wieren essentiel fir, datt d‘Geschäfter mat de groussen internationale Chaînë kéinte mathalen.

Den Online-Handel hätt d‘Konsumentegewunnechten, geännert an och déi nei Ouvertureszäite kéinte kee 24 Stonne Service 7 Deeg d‘Woch offréieren. 70 Prozent vun de Lëtzebuerger hätten awer erkläert online, respektiv owes oder de Weekend anzekafen.

Néideg wier awer eng komplett Liberaliséierung vun den Ouvertureszäiten. An dem Kontext wier d‘Trenne vun den Ouvertureszäiten an de Kollektivverträg eng Prioritéit fir de Commerce.

Déi aktuell Reform gesäit d‘Luxembourg Confederation dann och nëmmen als eng Tëschenetapp.

Den LCGB-President Patrick Dury spuert am 100,7-Interview net mat Kritik un der neier Reglementatioun.