arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den däitsche Schauspiller Mario Adorf ass no kuerzer Krankheet verstuerwen

Am Alter vu 95 Joer

|
reading time

1 min

Den däitsche Schauspiller Mario Adorf ass no kuerzer Krankheet verstuerwen

Déi däitsch Schauspillerlegend ass gëschter a senger Wunneng zu Paräis gestuerwen. Hien huet an Däitschland eng ganz laang Karriär gemaach, a war an iwwer 200 Film- a Fernseerollen ze gesinn. Dobäi hat hien d‘Chance ënnerschiddlech Charaktere kennen ze spillen.

reading time

1 min

Mario Adorf  | © EPA/ENNIO LEANZA
Mario Adorf (Foto: EPA/ENNIO LEANZA)

Dat waren emol tragesch mol lëschteg Rollen, dacks war hien awer och de Béisen. Esou ënner anerem am éischte Winnetou-Film vun 1963.

De Mario Adorf huet vill mam Regisseur Volker Schlöndorf gedréit. An de 70er war et "Die verlorenen Ehre der Katharina Blum", 1979 war den Adorf awer och am legendäre Film "Die Blechtrommel" derbäi. De Mario Adorf bleift och an Erënnerung fir vill Fernseerollen – et sief do un seng Apparitioun an "Der grosse Bellheim" vun 1993 erënnert.

Onvergiess ass awer och säin Optrëtt am Helmut Dietl senger Fernseeserie "Kir Royal" vun 1986.