No ugedreetem Uschlag an engem ICE kënnt de Mann elo an Untersuchungshaft
De jonke Mann dee gëschter an engem Zuch an Däitschland mat engem Uschlag gedreet huet, kënnt an Untersuchungshaft. Dat deelt de Parquet vun Düsseldorf mat. Him gëtt versichten Doudschlag virgeheit, grad ewéi geféierlech Kierperverletzung an de Verstouss géint d‘Sprengstoffgesetz.
Eng däitsch Polizistin virum ICE wou mat engem Uschlag gedreet gouf (Foto: picture alliance/dpa | Roberto Pfeil)
D‘Ermëttlungen no engem Motiv lafen awer nach.
De Parquet seet awer, datt de Mann dem politesch rietse Spektrum géif ugehéieren. Gläichzäiteg géif et och Hiweiser, datt de Mann psychesch krank ass. D‘Detailler mussen nach enquêtéiert ginn.
De Mann huet gëschter Owend an engem ICE mat engem Uschlag gedrot, 12 Mënsche si wéinst Knupperte blesséiert ginn.