Et wier een dem ursprénglechen Zäitplang viraus an de Krich kéint elo “zimmlech séier” eriwwer sinn, esou den US-President.
No där Ausso sinn d‘Pëtrolspräisser um Méindeg den Owend nees ënner d‘Mark vun 100 US-Dollar gefall, op nach ronn 90 Dollar de Barrel.
Reaktioun aus dem Iran
Déi iranesch Revolutiounsgarden hunn op dem Trump seng Annonce reagéiert mat der Ausso: Si géifen decidéieren, wéini de Krich eriwwer ass.
Den Trump huet dem Iran mat nach méi schwéieren Attacke gedreet, wann den Iran d‘Pëtrol- a Gas-Schëffstransporter duerch de Mieres-Passage vun Hormus weider blockéiert.
Weider Attacken
Iwwerdeems huet den Iran nees Ziler am Golfstaat Bahrain ugegraff. An der Haaptstad Manama gouf e Wunnhaus getraff. Eng Fra koum dobäi ëm d‘Liewen.
An déi iranesch Haaptstad Teheran gouf hënt nees massiv bombardéiert. Et goufe méi wéi 20 Explosioune gemellt. Awunner schwätze vun de schwéiersten Attacken zënter dem Ufank vum Krich.