Radioen

On air

9 bis 1  |  Alfie Jukes - Eyes Wide

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Donald Trump rosen doriwwer, datt Putin kee Waffestëllstand wëllt

USA

Donald Trump rosen doriwwer, datt Putin kee Waffestëllstand wëllt

Den amerikanesche President Donald Trump ass net zefridde mat der Positioun vum russesche President Wladimir Putin. An engem NBC-Interview sot den Trump hie wier rosen, well dee kee Waffestëllstand wéilt.

auto_stories

1 min

Donald Trump | © picture alliance / Consolidated News Photos | Chris Kleponis - Pool via CNP
Donald Trump (Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Chris Kleponis - Pool via CNP)

Sollt dat net änneren, misst Russland mat weidere Stroftaxen op Pëtrol rechnen. Domadder sollten och Staate wéi China oder Indie bestrooft ginn. Den Trump huet awer am nämmlechte Moment gesot, datt hien deemnächst mam Putin géif telefonéieren an d'Relatioun gutt wier.

Hënt huet den Donald Trump dann och den ukrainesche President Wolodymyr Selenskij virdru gewarnt de Mineralien-Accord net ze ënnerschreiwen. Am neien Text misst d'Ukrain praktesch op all Rechter op Mineralie verzichten, fir amerikanesch Waffeliwwerungen ze bezuelen.

Den Donald Trump schléisst iwwerdeems en drëtt Mandat fir sech net aus. Dat obwuel déi amerikanesch Verfassung ausdrécklech nëmmen zwou zouléisst. Vill vu senge Sympathisante wéilten dat awer, esou den Trump an engem NBC-Interview. Mee do wier nach e laange Wee ze maachen.