Radioen

On air

Notturno  |  Marker Starling - Yet You Go On Feat. Dorothea Paas

play_arrow Live
search

/ Dräi Südgemengen hunn den Iwwerschwemmungen de Kampf ugesot

Péiteng, Déifferdeng an Esch

Dräi Südgemengen hunn den Iwwerschwemmungen de Kampf ugesot

Den 29. an 30. Juni vun dësem Joer waren Onwiederen iwwert dem Land erofgaangen. Besonnesch schro hat et d’Stied Péiteng, Déifferdeng an Esch/Uelzecht getraff. Et war net déi éischte Kéier, datt et an dëse Gemengen iwwerschwemmte Stroossen a Kellere gouf. Wéi wëllen déi Gemengeresponsabel hir Awunner:innen an Zukunft besser virun esou Evenementer schützen?

auto_stories

2 min

Iwwerschwemmung Esch | © Jacques Ganser
Foto: Jacques Ganser

Déi 3 Buergermeeschteren aus de Südgemenge si sech eens, datt d'Evenementer mat extreemem Staarkreen zougeholl hunn, an datt et der an Zukunft net manner géife ginn.

Déifferdeng: Kanalsystem wäert genau ënnersicht ginn

Et ass einfach ze vill Waasser bannent kuerzer Zäit erof komm, sou den Déifferdenger Buergermeeschter Guy Altmeisch. Dobäi kënnt de Problem vun der Kor, déi queesch duerch Déifferdeng leeft, a fir Héichwaasser suergt, soubal méi wéi 40 Liter op de Meterkaree falen.

Nieft Primme fir Privatleit, déi Waasserbarrièren oder drockfest Fënsteren an Dieren installéieren, kuckt ee sech am Moment awer och de Kanalsystem méi genee un.

Ausgangs August wier eng Videobesichtegung vum Kanalsystem gemaach ginn, vum Opfangbaseng bis bei d‘Kläranlag.

Péiteng: Problemer si bekannt

Iwwerschwemmunge goufen et och zu Péiteng, mee fir erauszefannen, ob d’Waasser iwwer Garagepenten oder duerch de Kanal an d’Haiser leeft, gouf schonn 2022 eng Ëmfro bei de Bierger:inne lancéiert. Ronn 200 Leit hate sech gemellt.

No enger Etüd zesumme mat der Waasserwirtschaft goufen am Februar am Schäfferot prioritär Projete festgehalen. D’Bierger:inne sollen den 23. September an enger Versammlung informéiert ginn. Dem Péitenger Buergermeeschter Jean-Marie Halsdorf no wieren d’Problemer an d’Hotspotte bekannt.

"Et si Léisunge parat, notamment mat Opfangbecken, sougenannte "Rüben", Regenüberlaufbecken. Déi gi gebaut notamment a Jenken. Do ass schonn ee Baseng an deen ass net gutt. Dee muss ganz gebotzt ginn an et muss eventuell en zweeten derbäi gesat ginn.“

Esch: Bevëlkerung gouf mat agebonnen

D’Quartiere Clair-Chêne an um Däich sinn zu Esch d’Problempunkte bei Héichwaasser. Och am Juni gouf et Iwwerschwemmunge, wou ee se soss nach ni gesinn hat. Wéi zu Péiteng gouf hei bei de Bierger nogefrot mat wéi enger Situatioun si et ze dinn haten, erkläert den Escher Buergermeeschter Christian Weis.

"Do hu mir e Retour kritt vun 1.500 Stéit ongeféier. Dat sinn awer ëmmerhin 10 Prozent vun den Escher Stéit, déi dann do reagéieren. An da komme mir awer op eng Zuel vu 530 Menagen, déi gesot hunn, datt si an enger Form oder där anerer betraff gewiescht wieren."

Fir d’Zukunft verléisst ee sech virun allem op e gudden Entretien vum 200 Kilometer laange Kanalsystem a punktuelle Verbesserungen. Laangfristeg soll e Resilienzplang hëllefen, fir déi graavste Konsequenzen ofzefiederen.

Lauschterenplay_arrow