arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Dräibuer: Falschen Alarm iwwer eng arméiert Attack léist Policeasaz aus

National

|
reading time

1 min

Dräibuer: Falschen Alarm iwwer eng arméiert Attack léist Policeasaz aus

Zu Dräibuer koum et gëschter zu engem gréissere Policeasaz. Dat no engem, wéi sech herno rausgestallt huet, falschen Alarm iwwer eng arméiert Attack. Zwee Mineuren, déi verdächtegt ginn, den Alarm ausgeléist ze hunn, goufen op Schraasseg an de Prisong bruecht.

reading time

1 min

© Ilona Lablaika / Bigstock
(Foto: Ilona Lablaika / Bigstock)

D'Police wier fir d'éischt d'Primärschoul zu Dräibuer gaangen, well do awer keng Indicen ob eng Menace ware sinn si doropshin an de Centre Socio-Educatif gaagen. Wéi sech rausgestallt huet, gouf et awer guer keng reell Menace.

Op Uerder vum Jugendriichter goufen déi zwee verdächtegt Jugendlecher op Schraasseg bruecht, well an der UNISEC keng Plaz méi war, heescht et am Schreiwes vum Parquet. 

D'Police an de Parquet ënnersträichen, datt esou genannte "Swatting-Fäll" net ze verharmlose wieren. Esou falsch Alarme géifen net nëmmen e groussen Asaz vu Police- a Rettungsautoritéiten ausléisen, mee och d‘Populatioun a Gefor bréngen an Onsécherheet verursaachen.