D’Stad Esch wëll zwar net der geriichtlecher Prozedur virgräifen, mee betount an engem Communiqué, datt si zënter dem PAP am Joer 2018 gewëllt wier, de Logementsprojet ëmzesetzen. Dat géif fir all eenzel Etapp an dësem Dossier gëllen.
Baugeneemegunge goufen zweemol verlängert
D’Gemeng erkläert, si hätt de Projet trotz verschiddene Problemer weider begleet. Dofir wieren och d’Baugeneemegungen zweemol verlängert ginn.
Och déi néideg Budgetslinn wier bäibehale ginn, esou d’Stad Esch. Aus dëse Grënn géif een all Virwërf am Kontext vum Projet zeréckweisen.