Radioen

On air

Notturno  |  Brandt Brauer Frick - This Feeling Feat. Sophie Hunger

play_arrow Live
search

/ Ënnerschiddlech Reaktiounen dorop, datt de Max Leners net an de Staatsrot gewielt gouf

Staatsrot

Ënnerschiddlech Reaktiounen dorop, datt de Max Leners net an de Staatsrot gewielt gouf

De Premier huet de Mëttwoch drop verwisen, datt et sech ëm eng Wal gehandelt huet. Och wann et ee sougenannte Gentlemens-Agreement gëtt, datt eng paritéitesch Representativitéit am Staatsrot soll sinn. D'Oppositiounsparteie si gedeelter Meenung.

auto_stories

3 min


D'ADR insistéiert op d'Wichtegkeet vun enger fairer Verdeelung vun de Plazen am Staatsrot, fir d'Diversitéit vun de Meenungen ze representéieren. Dat äntwert d'Presidentin Alexandra Schoos schrëftlech op eis Nofro hin. Fir awer eng Neutralitéit am Staatsrot ze garantéieren, misst allgemeng d'Kompositioun iwwerduecht ginn, grad wéi d'Roll vu Persoune mat Parteikaarten, esou d'Alexandra Schoos.

Net kloer, wiem seng Interessie Membere vum Staatsrot vertrieden

Fir déi Lenk misst de Staatsrot fundamental reforméiert ginn - a sollt als consultatiivt Organ fir d'Chamber amplaz fir d'Regierung sinn, esou den Deputéierte Marc Baum, an dat mat transparenten an demokratesche Selektiounsprozeduren.

"Datt d’Leit a Vertriederinnen a Vertrieder aus der Zivilgesellschaft doranner Plaz fannen, an net nëmme renge Partei-Klüngel, dee just probéiert d’Chamber nach eng Kéier ze duebelen."

Den Haaptproblem am Moment wier, datt d'Interesselag vun deenen eenzele Leit net kloer ass.

"Sinn et d’Intressie vun der Allgemengheet, oder sinn et déi - wéi am Fall Lucien Lux - d’Interessie vun engem grousse Private Promoteur."

déi gréng sinn oppe fir eng Diskussioun iwwer Reformen

Fir déi gréng, déi 2018 selwer schonn an der Situatioun ware wéi elo d'LSAP, ass et wichteg ze betounen, datt de Staatsrot onofhängeg Walen ofhält fir de Posten ze besetzen, esou wier d'Prozedur ebe fir de Moment, esou de François Benoy op eis Nofro hin. déi gréng wieren awer duerchaus oppe fir Diskussiounen iwwer eng Erneierung vum Staatsrot.

Marc Goergen: Net korrekt wéi et ofgelaf ass

Vu Karma schwätzt de Marc Goergen vun de Piraten. Eng Partei wéi d'LSAP misst sech dann elo och emol domat auserneesetzen, wann hinne Kandidate géife geklaut ginn, esou de Marc Goergen, a bezitt sech domat op déi sëlleg Pirate-Gemengeréit, déi zanter der MALT-Affär ausgetrueden, a bei der LSAP agetruede sinn.

Trotzdeem fënnt hien et net korrekt, wéi et an dësem Fall ofgelaf ass. 

"A wann d’LSAP laut der Berechnungsformel een zegutt huet, dann hu se deen och ze kréien."

A sengen Ae misst awer de ganze Staatsrot reforméiert ginn, an et sollte keng Persoune mat Parteikaart, mee onofhängeg Experten am consultative Gremium setzen, esou nach de Marc Goergen.

Lauschterenplay_arrow