Radioen

On air

Trendscheif  |  FACS - Wish Defense

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Prisongsverwaltung: Vun der Police assuréierte Gefaangenentransport "funktionéiert gutt"

Reaktioun op rezent Diskussioun

Prisongsverwaltung: Vun der Police assuréierte Gefaangenentransport "funktionéiert gutt"

D’Agente vun der Prisongsverwaltung si weder arméiert nach si se forméiert, fir den Transport vu verurteelte Gefaangenen: Dat betount d’Prisongsverwaltung an engem schrëftleche Statement am Kontext vun der Diskussioun iwwert de Gefaangenentransport.

auto_stories

1 min

Foto: Archiv

D’Agente vun der Prisongsverwaltung hätten net déi selwecht Rechter wéi déi, déi d’Police op de Stroossen a puncto Arméierung huet. Dat géif bedeiten, datt si am Fall vun enger Flucht beispillsweis keng Méiglechkeeten hätten, ze handelen, esou d’Verwaltung an hirer schrëftlecher Positioun, no enger Ufro vum radio 100,7.

De Moment gëtt de ganzen Transport vu Gefaangene vun der Police gemaach an dës Collaboratioun géif gutt funktionéieren, esou d’Prisongsverwaltung.

Réckzéier vun der Regierung?

Wann de Gefaangenentransport d’Aufgab vun der Police bleift, da wier dat ee “Réckzéier vun der Regierung”. Dat kritiséiert iwwerdeems de Veräin “eran, eraus ... an elo?”, genee sou wéi d’Policegewerkschaft dat dës Woch gemaach hat.

Den CSV-DP-Koalitiounsaccord hat virgesinn, datt dësen Transport vun den Agent-pénitentiairen iwwerholl gëtt.