Nodeems d’Wal vum 27. Oktober kee kloert Resultat geliwwert huet, hat de President déi lescht zwee Deeg all Fraktiounscheffe bei sech an d’Residence agelueden, eng Majoritéit huet sech do fir de Gadi Eisenkot ausgeschwat.
67 vun 120 Deputéiert recommandéieren den Eisenkot
Gëschter den Owend virum Presidentepalais zu Jerusalem hunn Demonstrante eng sougenannt Eenheetsregierung, mam Benjamin Netanjahu a sengem Rival, de Gadi Eisenkot, gefuerdert.
Mee dës Optioun vun enger Eenheetsregierung ass no de Consultatioune gëschter méi onwarscheinlech ginn. 67 vun 120 Deputéiert am israeelesche Parlament recommandéieren de fréieren Arméischef Gadi Eisenkot als Regierungschef. Just 46 wëllen, datt de Benjamin Netanjahu bleift.
An de Consultatioune vum President goufen et zwou Surprisen: Éischtens huet d’ultraorthodox Partei Vereenegt Thora-Juddentum sech geweigert, de Benjamin Netanjahu vun der Partei Likud nees als Regierungschef ze recommandéieren. Si hu sech beim Vott enthalen.
Regierung ouni Netanjahu méiglech
An zweetens huet net just déi moderat arabesch Partei Ra'am sech fir de Gadi Eisenkot ausgeschwat, mee och déi méi radikal HaReshima HaMeshutefet.
Béid maachen domadder de Wee fräi fir eng Regierung ouni Netanjahu. D’Entscheedung, e fréieren Arméischef als Regierungschef ze recommandéieren, wier hinne schwéier gefall, soten déi arabesch Deputéiert an enger Pressekonferenz. Mee si géinge keen anere Wee gesi, fir dem Benjamin Netanjahu seng rietsextreem Partner, Bezalel Smotrich an Itamar Ben Gvir, lasszeginn.
Och Minoritéitsregierung méiglech
D’arabesch Parteie sinn de Knackpunkt an dëser Wal. Ouni hir Ënnerstëtzung huet d’Oppositioun keng Majoritéit. Mee politesch leien d’Parteie wäit auserneen. Dat ass och gëschter däitlech ginn, wou sech d’Deputéiert vu béid arabesch Parteie schwéier gedoen hunn, d’Hamas, déi den Uschlag vum 7. Oktober 2023 verüübt huet, als Terrororganisatioun ze bezeechnen.
Déi politesch Differenze sinn och de Grond, firwat déi arabesch Parteie warscheinlech net der Regierung bäitriede wäerten.
Sollt de President Isaac Herzog e Sonnden de Gadi Eisenkot mat der Regierungsbildung beoptragen, wäert hie warscheinlech eng Minoritéitsregierung forméieren, déi vun den arabesche Partei vu bausse gestäipt gëtt.