search

/ EU stoppt Finanzhëllef fir Biennale vu Venedeg

Kultur

|
reading time

1 min

EU stoppt Finanzhëllef fir Biennale vu Venedeg

D'Europäesch Unioun huet decidéiert, eng Finanzhëllef vun zwou Milliounen Euro fir d'Konschtbiennale vu Venedeg ze stoppen. D'Subventioun war virgesi fir Filmproduzenten an immersiv Techniken ze ënnerstëtzen.

reading time

1 min

Aktivisten an Unhänger vun der russescher Punkband Pussy Riot protestéiere virum Sëtz vun der Biennale zu Venedeg géint d'Ouverture vum russesche Pavillon. | © EPA/ANDREA MEROLA
Aktivisten an Unhänger vun der russescher Punkband Pussy Riot protestéiere virum Sëtz vun der Biennale zu Venedeg géint d'Ouverture vum russesche Pavillon. (Foto: EPA/ANDREA MEROLA)

Éischt russesch Participatioun zënter Krichsufank

Hannergrond vun der Decisioun ass d'Participatioun vun engem russesche Pavillon un der Biennale. Et ass déi éischt Kéier, datt Russland zënter dem Ufank vum Krich géint d'Ukrain nees op der Konschtausstellung vertrueden ass.

Pavillon bleift zou

Am russesche Pavillon schaffe ronn 50 Kënschtler, Museker, Dichter a Philosophen un engem Museks- a Performanceprojet mam Titel „De Bam ass am Himmel verwuerzelt“.

De russesche Pavillon selwer bleift zwar fir de Public zou, vun dobausse kann een awer eng Video-Installatioun gesinn.